Invité vun der Redaktioun (18. Februar)Marc Hansen, Deputéierten

Marc Hoscheid
E Mëttwoch de Moien ass den ëffentlechen Déngscht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den 20. Januar gouf de Marc Hansen an der Chamber als Deputéierte vereedegt an huet domadder d’Successioun vum Fernand Etgen ugetrueden. Mir froen den DP-Politiker, wat en an deene vergaangenen zwee Joer, an deenen hie kee politescht Mandat hat, gemaach huet.

Ma mir kucken och op d’Géigewaart an an d’Zukunft. Als President vun der parlamentarescher Defense-Kommissioun dierft et dem Marc Hansen an Zäiten, wou Europa, an domadder och Lëtzebuerg, massiv a seng Verdeedegung investéiert, net langweileg ginn.

A wat seet de fréiere Minister vun der Fonction publique zur Decisioun vu sengem Successeur Serge Wilmes, OGBL an LCGB net un de Verhandlungen iwwert de Gehälteraccord am ëffentlechen Déngscht ze bedeelegen? Den Invité vun der Redaktioun héiert Der direkt no den Noriichten um 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO