CGDISZwee Blesséierter bei Accident op der N5B tëschent Péiteng an Athus (B), Persoun zu Esch ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Géint 8.20 Auer koum et op der Streck tëschent Péiteng an Athus zu engem Accident, bei deem sech zwee Gefierer ze pake kruten.

Béid Chaufferen hu mussen an d’Spidol bruecht ginn. D’N5B war wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart, ass entretemps awer nees op. D’Rettungsekippe vu Péiteng, Käerjeng an Esch waren am Asaz.

Am fréien Dënschdegmoien, kuerz no 6 Auer, gouf dann eng Persoun zu Esch an der Rue J.-P. Michels ugestouss a blesséiert. Och hei sinn d’Escher Secouristen am Asaz gewiescht.

E weideren Accident mat engem Blesséierte gouf et géint 7.30 Auer op der RN07D zu Colmer-Bierg, wou en Auto géint e Potto gerannt ass. D’CGDIS-Ekippe vu Colmer-Bierg an aus der Nordstad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO