
No Wochen u Virbereedung, Léieren an Exame kënnt elo de Moment vun der Wourecht: D'Resultater vun de Premièresexame ginn dës Woch publizéiert.
Wéi den Educatiounsministère op Nofro matgedeelt huet, ginn déi eenzel Resultater vu Méindeg u bis en Donneschdeg un déi concernéiert Schüler kommunizéiert.
Fir vill Jugendlecher ass et ee vun de wichtegste Momenter vum Schouljoer. Méintelaang hu si op d'Examen higeschafft an elo kënnt d'Gewëssheet, ob een elo en Diplom an der Täsch huet.
Besonnesch fir déi Schüler, déi hir Ofschlossexame gepackt hunn, bedeit dat den offiziellen Ufank vun der Summervakanz.
Wéi den Educatiounsministère weider erkläert, ginn déi national Statistiken eréischt no Ofschloss vun den Épreuves complémentaires publizéiert. Dës Chiffere kommen dann Ufank Juli.