Exklusiven AbléckD’Rockhal ëmfonctionéiert als Centre de soins avancés

RTL Lëtzebuerg
Grouss Stare stounge schonn do op der Bün a méi wéi eng Kéier huet d’Haus “sold out” affichéiert. Den Ament gëtt d'Concertshal anescht gebraucht.
D’Rockhal ëmfonctionéiert als Centre de soins avancés
Grouss Stare stounge schonn do op der Bün a méi wéi eng Kéier huet d’Haus “sold out” affichéiert. Den Ament gëtt d'Concertshal anescht gebraucht.

Concerte mat 3 Leit op engem Metercarré sinn an Zäite wéi haut kaum virstellbar. An der Rockhal hunn zënter dem 23. Mäerz, wéinst der sanitärer Kris, anerer hiert d’Zelt opgeschloen. Nämlech déi Helden, déi un der Front vun dëser Pandemie stinn: D’Benevollen.
Si sinn souzesoen "d’Staren", déi elo an der Rockhal via d’Entrée des Artistes an- an ausginn. An der Moyenne sinn et eng 20 Benevolle pro Dag, nieft deenen aus dem Gesondheetssecteur, déi am Centre de soins avancés am Süde vum Land schaffen an déi ronn 76 Patiente pro Dag empfänken.

De Backstage gouf ëmfonctionéiert an en Openthaltsraum fir si an do, wou soss grouss Staren hir Tracen hannerloossen, gouf och elo Plaz fir si gemaach, am Concertshaus. Et ass fir déi sëllege Volontairë ganz aussergewéinlech an deem hei Kader an der Rockhal ze stoen. Ëmmerhi kenne mir dee Raum jo a priori als Entertainment-Beräich.

Wéi séier d’Rockhal konnt ëmfonctionéiert ginn a wéi d’Aarbecht vun de Benevollen dobanne genee ausgesäit, konnte mir eis ukucke goen.

Den Exklusiven Abléck an de Centre de soins avancés vun der Rockhal am Reportage.

RTL-NEWS: Ouverture vum Centre de soins avancés an der Rockhal
RTL-NEWS: Andréck vun de Centres de soins avancés an der Luxexpo an der Rockhal

Back to Top
CIM LOGO