Am Kader vun der Phas 2 am Kampf géint de Coronavirus gi jo d’Maisons médicales zougemaach. Dofir goufen awer 4 esou Zentre geschaaft, déi méi grouss a besser ekipéiert sinn.
Hei kann ee souwuel mat enger Ordonnance, déi ee vie Téléconsulting vum Hausdokter ka kréien, wéi och ouni passéieren. A béide Fäll gëtt een en Charge geholl.
Leit, déi an de Centre de soins avancés an der Rockhal op Esch-Belval mussen, kënnen hiren Auto op de Parking um Enn vun der Avenue du Rock’n’Roll stellen. Dat huet d’Escher Gemeng e Mëttwoch am spéide Moien an engem Communiqué matgedeelt. An enger 1. Phas war gesot ginn, dass d’Leit an de CFL-Parking an der Route de Belval fuere sollten. De Parking an der Avenue du Rock’n’Roll ass awer méi no bei der Rockhal. An deem Sënn goufen och Schëlter opgestallt.
Schonn e Méindeg hat deen éischteRTL NEWS: Parking fir de Public um Enn vun der Avenue du Rock’n’Roll