Stad a RodangeDrogendealer op frëscher Dot erwëscht, iwwer 300 Kugele confisquéiert

RTL Lëtzebuerg
Alleguerten d'Fäll hunn eppes gemeinsam, an zwar dass d'Täter virum Untersuchungsriichter gelant sinn.

Den 11. Mee géint 12.35 huet d'Drogen-Unitéit vun der Stater Police zwee Drogendealer op frëscher Dot erwëscht a verhaft. Bei den Haus-Perquisitiounen an der rue Joseph Junk an an der rue de Strasbourg goufen am Ganzen 304 Kugelen Heroin a Kokain an 19.290€ confisquéiert.

Béid Täter koumen en Dag drop virun den Untersuchungsriichter an hu missen an Haft.

Schonn den 3. Mee goufen dann och nees 2 Drogendealer op frëscher Dot erwëscht. Hei goufe 476€ a 7 Heroinkugelen an en Auto confisquéiert. Och dës Persoune koume virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO