D’Iwwerschwemmungen hunn d’ganzt Land iwwerrascht a vill Mënsche getraff. An der Halergaass zu Iechternach spiert een d’Folgen och haut nach.
Fir d’Bierger a Commerçanten aus der Haaptakafsstrooss zu Iechternach war de 15. Juli kee gudden Dag. Nodeems et de 14. Juli scho vill gereent hat, hätt een nach gehofft, datt Maueren, déi virum Héichwaasser schützen, géingen d’Waasser zréckhalen. Dat war awer net de Fall. Bemol ass alles ganz séier gaangen. Den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler erënnert sech:
“Dat éischt wat geschitt ass, ass dass d’CREOS iwwerall de Stroum ofgestallt huet aus Sécherheetsgrënn an dunn hunn ech och geduecht ‘Jo lo hunn d’Leit kee Stroum, lo hunn se keng Heizung an iergendwann ass och den Handy eidel an da panikéieren se.’ An do ass Decisioun séier geholl ginn, dat war den Dag dono, also wéi d’Héichwaasser do war, ok mir evakuéieren. An zwou Stonnen drop waren d’Fräsch-Männer do an hunn e gudden Deel vun de Leit aus den Haiser geholl.”
Eng 130 Leit hätte missen zu Iechternach evakuéiert ginn. Bis haut si se nach net all zréck doheem. Déi concernéiert Leit si bei Frënn, Famill oder um Camping ënnerkomm.
D’Reparature wieren eng grouss Erausfuerderung a géingen sech iwwer Méint zéien. Et wier schwéier Handwierker ze fannen. Sou hu vill Leit bis virun e puer Wochen nach ouni Heizung misse liewen.
Vu laange Reparaturzäite sinn och d’Commercen ewéi d’Restauranten an d’Hotellerie betraff. Den Hotel vum Alain Knepper konnt eréischt dës Woch erëm opmaachen:
“Oh mam, dat ass jo alles net sou einfach. Mir hunn fir d’Éischt emol dokumentéiere gelooss vun engem Expert an da ginn d’Diskussioune lass. Da kënnt dann d’Assurance mat hirem Expert an da gëtt alles erausgeholl, de Buedem frësch gemaach an dat brauch dann alles seng Zäit bis datt dat rëm dréchent an ee ka rëm ufänken. An da bis d’Maueren dréche sinn, dat ass eng onvirstellbar Laascht, déi do op engem läit, well et ass een ongedëlleg an et geet net virun. “
Fir den Alain Knepper louch de Schued bei ongeféier 400.000 Euro. Verschiddene Geschäftsleit war den Opwand an d’Käschte fir d’Reparatur awer och einfach ze vill ginn. An Zäite vun der Pandemie hätten se scho genuch finanziell Problemer gehat. Si hunn sech dann dozou entscheet hire Betrib guer net méi opzemaachen.
Bal en halleft Joer ass et geschwënn hier, dass de Park zu Iechternach iwwerschwemmt gouf, d’Reparaturaarbechten duerfe bis elo nach net gemaach ginn.
D’lescht Woch hat sech den Iechternacher Buergermeeschter nach am RTL-Interview driwwer geiergert, datt ee vum Kulturministère a Site et Monuments ausgebremst géif ginn, fir mat de Reparaturaarbechten am Park kënnen unzefänken. De Park hannert dem Lycée laanscht d’Sauer gehéiert dem Staat.

En Dënschdeg sot eis den Yves Wengler, datt d’Autorisatioune kuerz viru Chrëschtdag, den 23. Dezember bei der Gemeng eragereecht goufen.
D’Héichwaasser Mëtt Juli hat och dem Park ellen zougesat. Déi Gemengeresponsabel gi vun engem Schued vu 400.000 Euro aus.
An de soziale Medien huet d’DP-Deputéiert kritiséiert, datt vum Buergermeeschter “ze vill falsch Duerstellungen” a puncto Héichwaasser an der Press gemaach goufen. Ënnert anerem schreift si, datt d’Decisioun, d’Stad Iechternach de 15. Juli z’evakuéieren, spéit geholl gi wier an datt ufanks just eng Warnung fir d’Rue des bénédictens erausgaange wier.