-30, -40, -50 Prozent: d'Wantersolden hunn den 29. Dezember ugefaangen an d'Butteker bidden direkt gutt Affären un. Natierlech spillt och d'Meteo mat, well wann et dobausse kal ass, loosse sech Jacketten an déck Pullovere gutt verkafen.
Bei de Leit ass d'Traditioun, 2 Mol am Joer an d'Solden ze goen, nach ganz present, och wann aner Promotiounen d'ganzt Joer iwwer Cliente lackelen. D'Solde bléiwen e wichtege Moment, wëll et dann op nationalem Niveau Promotioune gëtt, an dat ass e feste Rendez-vous mat de Clienten, seet d'Anne Darin-Jaulin, Direktesch vun der Stater Union Commerciale. Well een och schonns an den éischten Deeg zolidd Promotiounen an de Butteker kritt, géifen d'Solde ganz beléift bléiwen.
Vill Choix, gutt Offeren an de Service um Client beliewe weiderhin d'Geschäft, soe d'Commerçanten. D'Solde géifen hei als Magnéit fonctionnéieren, och wa sech d'Léit ëmmer méi um Internet ëmkucken. Et ass eng schnelllieweg Zäit, an do gëllt et matzehalen. Mir bidden de Cliente flott Offeren, a fir eis sinn d'Solden d'Geleeënheet Plaz ze schaffe fir déi nei Kollektioun, erkläert de Yannick Speltz, Verkeefer aus engem Skate- a Kleederbuttek.
Och de Stater Geschäftsmann Freddy Schaack seet, datt sech nach ëmmer vill Leit d'Wuere gären am Buttek ukucken. D'Saachen um Internet wieren net onbedéngt méi bëlleg, an d'Léit géifen dat scho mierken.
Virun 2015 hunn d'Solden 2 Woche gedauert, haut sinn et der véier. Wien nach vun de Promotioune profitéiere wëll, kann dat bis zum offiziellen Datum de Samschden 26. Januar maachen.