SpendenaktiounenD'Solidaritéit mat der Ukrain ass grouss

Pit Everling
Lynn Cruchten
Och zu Lëtzebuerg gouf a gëtt fläisseg fir déi Leit gesammelt, déi op der Flucht sinn oder déi alles verluer hunn.
D'Solidaritéit mat der Ukrain ass grouss
Och zu Lëtzebuerg gouf a gëtt fläisseg fir déi Leit gesammelt, déi op der Flucht sinn oder déi alles verluer hunn.

Spendenaktiounen / Reportage Pit Everling

D’Initiativen entstinn dacks spontan a komme vu Privatleit.

De Raymond Goslitski wunnt an Däitschland a schafft zu Lëtzebuerg als Consultant am Beräich Sproochen. Hien huet d’Aktualitéit suivéiert a wollt net méi weider nokucken: Ech souz beim Fernsee an ech hu mer geduecht, ech kann hei net méi sëtzen, mä ech muss eppes maachen.

E Cousin aus Polen huet sech bereet erkläert, den Transport ze iwwerhuelen. Ugangs der Woch hat ee geplangt, fir e klenge Camion ze schécken, en Dënschdeg war et e grousse Camion an e Mëttwoch scho bal e Fliger, seet de Raymond Goslitski, deen eigentlech just a sengem privaten a berufflechen Ëmfeld en Appell lancéiert hat. Vill méi Leit, wéi erwaart, sinn deem Opruff nokomm an et gouf villes gesammelt: Vu Kleeder, iwwer Dicher a Couverte bis bei Bicher.

De Raymond Goslitski mécht am Moment kee weideren Appell fir ze sammelen. Et riskéiert ze vill ginn.

Am Oste vum Land gouf et eng änlech Aktioun. Zu Manternach huet de Piotr Mazurkiewicz e klenge Betrib. Viru kuerzem krut hien aus Polen eng Liwwerung an hien huet sech geduecht, firwat soll dee Camion eidel heem fueren? D’Sammel-Aktioun hat awer esou ee Succès, datt de Camion séier ze kleng war: Et ass sou explodéiert. Et hu vill Leit ugeruff a vill Leit Saache laanscht bruecht. Mir hunn e 40-Tonner misste bestellen.

Wat een iwwregens net méi bräicht si Kleeder, sou nach den Initiateur vun der Aktioun Piotr Mazurkiewicz. Hie gouf ënnerstëtzt vun der Gemeng Manternach, déi ënner anerem hir Lokalitéiten zur Verfügung gestallt huet.

De Buergermeeschter Jempi Hoffmann: Mir hunn dat dunn direkt iwwer Facebook lancéiert. Als Gemeng huet een awer méi eng grouss Reechwäit. Mir hunn eis bereet erkläert, fir am Gemengenatelier den Accueil ze maache vun den Saachen. Sou hu mer eng zentral Ulafstell, wou da ganz vill Leit aus dem ganze Land hikomm sinn.

Zu Manternach respektiv Berbuerg soll also d‘nächst Woch e grousse Camion kommen, fir déi sëllege gesammelt Saachen a Richtung ukrainesch Grenz ze féieren.

RTL-Artikel: Ukrain-Krich: Dës Hëllefsorganisatioune sammele Spenden

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO