
Zanter enger gudder Woch sinn zu Lëtzebuerg Temperature vun iwwert 30 an dacks esouguer méi wéi 35 Grad. Esou eng laang Canicule ass net nëmmen eng Belaaschtung fir d'Ëmwelt, mee och fir de Gesondheetssystem. An och wa Lëtzebuerg bis elo nach zimmlech gutt derduerch kënnt, gëtt et awer nach Loft no uewen.
Bis elo hätt ee keng Iwwerstierflechkeet duerch d'Hëtzt festgestallt, esou den Direkter vun der Direction de la santé Jean-Claude Schmit. Et géing een zwar Aktivitéiten an den Urgencë gesinn, mee d'Situatioun wier awer net aussergewéinlech. Trotzdeem hätten d'Spideeler uechter d'Land sech an deene leschten Deeg esou opgestallt, datt se méi Patienten hätte kënne Meeschter ginn."Bei eis si lo d'Spideeler verschidden de garde, an der Stad hu mer zum Beispill zwee Spideeler, déi dann alternativ nuets schaffen. Am Süden hu mer ee Spidol, am Norden och eent an déi stelle sech natierlech sou op, datt se ee Surplus vu Leit kënnen opfänken. Besonnesch lo iwwert déi lescht Deeg, wou vill Aktivitéiten an der Stad waren, war méi Personal an den Urgencen."
Datt et bis lo nach éischter roueg war, kéint awer och dorunner leien, datt d'Leit sech nach e puer Deeg iwwer Waasser gehale kriten an déi kierperlech Reserve réischt méi spéit opgebraucht sinn. Bei den Hôpitaux Robert Schuman rechent een zum Beispill domadder, datt dëse Weekend méi Aarbecht op een duer kënnt. Et hätt een awer och schonn eng Partie Patiente wéinst der Hëtzt gehat, ma déi hätten awer net onbedéngt déi klassesch Problemer, wéi zum Beispill een Hëtzschlag gehat. De medezineschen Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman Claude Braun mat e puer Beispiller:
"Duerchaus een normale Schlag, een Hiereschlag, déi och kardial dekompenséieren, natierlech och keng Loft méi kréien, mam Bluttdrock Problemer hunn, de Bluttdrock geet erof, déi kënne sech kaum nach op de Been halen. Wat mer vill gesinn hunn, d'Leit sinn deelweis extrem dehydratéiert, dat heescht, si hunn net genuch Flëssegkeet, si hu Flëssegkeet verluer, mee just duerch d'Schweessen, vläicht nach eng aner Krankheet dobäi a konnten dat net méi ophuelen andeem se vill gedronk hunn."
Ma net nëmme fir d'Patienten, mee och fir d'Personal an de Spideeler sinn déi héich Temperaturen eng Belaaschtung. An den Hôpitaux Robert Schuman kréien d'Mataarbechter zwar eng méi liicht Aarbechtskleedung zur Verfügung gestallt, mee dat ass ab enger gewësser Hëtzt net vill méi wéi eng Drëps op de waarme Steen. An de Raimlechkeeten um Kierchbierg klammen d'Temperaturen aktuell nämlech deels op iwwer 30 Grad.
Fir de Christian Kirwel, Directeur des soins bei den Hôpitaux Robert Schuman, kënnt een net laanscht baulech respektiv technesch Léisungen. Wann nei Gebaier gebaut ginn, missten déi am Virfeld matgeduecht ginn.
"Do wäerte mer natierlech drun denken, fir Plaffongen, also Killdecken ze maachen, wat dann déi Problematik vun der Filtratioun héchstwarscheinlech erofsetzt. Ech soen héchstwarscheinlech, mir hunn nach net ganz vill Erfarung domadder. Mir hunn der op e puer Plazen, d'Temperatur gëtt ëm 5 bis 6 Grad erofgesat par Rapport zur Baussentemperatur, wat schonn net schlecht ass. Ee Killgerät ass natierlech wesentlech méi effikass, et muss een dann eng Filtratioun do maachen, et muss een eng Maintenance maachen an déi Filtere schnell genuch wiesselen."
Ma et géing een och kucken, fir séier Mesuren en place ze setzen. Sou géing aktuell gepréift ginn, fir mobil Geräter unzeschafen. De Christian Kirwel verweist awer och op déi zousätzlech Käschten, déi duerch een norëschte vun de Gebaier fir d'Spideeler entstinn. Do géing een op eng zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung duerch de Staat hoffen.
De Santésdirekter Jean-Claude Schmit weist sech duerchaus oppen dofir, an Zukunft méi Klimaanlagen an de Spideeler ze installéieren, och wann et do an der Vergaangenheet Bedenke wéinst Problemer mat der Hygiène ginn hätt.