Iwwerwaachung vu SchoulgebaierD’Stad Lëtzebuerg wëll eng Société de Gardiennage engagéieren
Domat reagéiert een op di vill Abréch, déi et rezent an ëffentlech Gebaier, a besonnesch a Schoulen an der Stad ginn hätt, seet de Laurent Mosar (CSV).
Ënner anerem Computere wiere geklaut ginn.
Déi nächst Deeg géing en Appel à candidatures gemaach ginn, seet de Laurent Mosar. Et wier eng Situatioun, déi een net méi géing toleréieren.