Alerte jaune bis e SamschdegmoienD'Stroossen an Deeler vu Lëtzebuerg si wäiss

RTL Lëtzebuerg
Éischt Flacke waren awer och schonn e Freidegmoien erofkomm. Dat zum Beispill zu Heischent.
Rammerech
Rammerech
© Mobile Reporter

Et ass Meteolux no méiglech, datt am Süde vum Land tëscht engem an dräi Zentimeter falen, am Norde kann et bis zu sechs Zentimeter ginn.

Um Wiederradar ass ze erkennen, dass vun der Belsch erfort e Freideg den Owend déi éischt Schnéifront iwwert de Grand-Duché zitt. Et ass dann och Schnéi erofkomm. Ënnert anerem am Nordweste vum Land zu Pärel an zu Rammerech huet de Schnéi fir wäiss Stroosse gesuergt.

An enger éischter Phas hat Meteolux gemellt, de Schnéi géif tëscht 18 Auer an Hallefnuecht erofkommen. Um Freideg de Moie gouf déi Wiederwarnung awer bis op e Samschdegmoien 8 Auer verlängert.

© www.meteolux.lu

D'Wiederkaarten am Iwwerbléck

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?

Back to Top
CIM LOGO