D’lescht Woch schonn hu vereenzelt Privatwënzer mat der Lies ugefaangen. Dorënner och den Domaine Sunnen-Hoffmann vu Rëmerschen. Ugefaange gouf mam Schneide vun den Drauwe fir de Cremant.
Zanter 7 Auer moies sinn zu Schwéidsbeng um Kolteschbierg d’Herrschtleit mat der Lies vum Pinot Gris am Gaang. Et misst ee fréi ufänke wéinst der Hëtzt. D’Hëtzt an d’Dréchent hunn hir Spueren hannerlooss.
D’Marie Kox, zukünfteg Gerante vu Sunnen-Hoffmann: “Duerch déi héich Temperaturen an déi Dréchent sinn d’Drauwe relativ kleng, doduerch kréie mer net sou vill Jus, awer si si relativ gesond, wat deementspriechend no enger gudder Qualitéit ausgesäit. Doduerch well se sou kleng sinn, hëlt d’Konzentratioun vum Zocker vill méi séier zou. Doduerch si mer ebe lo schonn op engem Punkt ukomm, bei deem se prett si fir gelies ze gi fir d’Cremant-Produktioun.”
Fir de Cremant wier et elo gënschteg, fir an d’Lies ze goen, well den Oechsle-Taux elo nach niddreg an dofir ëmsou méi Saier nach an der Fruucht wier. Fir erauszefannen, wéini déi eenzel Drauwe prett sinn, fir gelies ze ginn, ginn awer och ëmmer nees Analyse vum Zocker- a vum Saiertaux gemaach. Och d’Faarf vun de Friichte seet hei vill aus.
D’Lies selwer gëtt hei ëmmer nach manuell gemaach.
“Mat der Handlies kanns de halt eng vill besser Selektioun maachen. Falls emol eng faul Drauf dotëscht wier, da kann een déi sou aussortéieren. Dat geet halt mat deene Maschinnen net. Mee et ass och einfach d’Atmosphär, et ass eng ganz kollegial Zäit, et ass flott, dat mat ze erliewen.”
Eng Dosen Herrschtleit hu sech fir dëst Joer beim Betrib gemellt. Dorënner Studenten, Pensionären, Frontalieren, awer och Flüchtlingen aus der Ukrain.
Ee vun hinnen ass de Philippe Schumacher vu Wëntreng: “Ech si schonn an engem Wënzerbetrib opgewuess an zanterdeem hunn ech mech ëmmer dofir begeeschtert. Ech wollt elo eppes anescht kenneléieren an elo zanter dräi Joer maachen ech elo bäi Sunnen-Hoffmann mat, fir och d’Selektioun kennenzeléieren. De biologesche Betrib halt.”
Déi Drauwen, déi fir d’Produktioun vum Wäi Cru 2022 geduecht sinn, bleiwen nach e bësse méi laang hänken, well hei méi Séisst dra si soll. Wéi vill Quantitéit u Wäin a Cremant awer elo insgesamt aus der Recolte erauskënnt, ass schwéier virauszesoen, sou nach d’Marie Kox.