Alternative Site gëtt gepréiftD'Wandmillen ass ville Bierdener Awunner en Dar am A

Pierre Jans
Ze héich, ze no un den Haiser a gesondheetlech Bedenken: Quasi dat ganzt Duerf Bierden ass géint déi geplangte Wandmillen.
D'Wandmillen ass ville Bierdener Awunner en Dar am A
Ze héich, ze no un den Haiser a gesondheetlech Bedenken: Quasi dat ganzt Duerf Bierden ass géint déi geplangte Wandmillen.

Um ieweschte Wutz vun der Gemeng Ettelbréck soll eng Wandmillen opgeriicht ginn. Net wäit fort vun der Uertschaft Bierden a Gemeng Ierpeldeng. An do ass quasi dat ganzt Duerf géint dës geplangte Wandmillen. De gréisste Partner vum Projet, de Bedreiwer ''Soler'', préift aktuell en Alternativsite. D'Bierdener Awunner mobiliséiere weider géint d'Eolienne, déi hinnen en Dar am A ass.

E Loftballon d'lescht Woch, wäit uewen iwwert dem Feld, op deem d'Wandmille kéint gebaut ginn. Domat wollten eng Partie Bierdener Awunner weisen, wéi héich d'Wandmille géif ginn, huet den Yves Wallers, President vun der Associatioun ''Energie mat Verstand'', erkläert.

Wéinst dem ville Wand hat de Ballon d'Héicht net ganz areecht. 230 Meter grouss wär d'Wandmillen nämlech. Ee vun de Partner vum Wandpark Nordenergie ass iwwerrascht iwwer dës Aktioun. D'Héicht hätt näischt mat gesondheetleche Bedenken ze dinn. Dat wär en ästhetesche Problem, vun deem bis elo ni rieds gewiescht wär, esou den Direkter vu "Soler", de Paul Zeimet.

Maachen elo déi gesondheetlech, den reng ästhetesche Bedenke Plaz? Mat Bléck op e méigleche Wäertverloscht vun den Immobilien? Jo, och doriwwer géif ee sech Suerge maachen, gëtt den Yves Wallers zou. Mä déi gesondheetlech Bedenken - virop d'Thema Infraschall - géifen dominéieren.

Distanz, Kaméidi a Schied. Déi geplangten Eolienne géif déi streng Krittären erfëllen, confirméiert de Bedreiwer. Ma kéint Infraschall der Gesondheet vun de Bierdener schueden? Den Ament ginn Analyse gemaach. "Soler" mengt a priori awer net. Dofir géif eng eenzeg modern Millen net duergoen.

Nawell: D'Gemeng Ierpeldeng hat en alternative Site op eegenem Terrain proposéiert - dem Fridbësch nämlech - an dee gëtt aktuell och gepréift, ob och do d'Normen agehale kënne ginn. Dee Site wär iwwer ee Kilometer vu Bierden ewech. De Paul Zeimet ka sech aktuell net virstellen, dass deen alternative Site näischt gëtt. Mä wann dat de Fall wär, hätt ee mam Site nieft Bieden, op deem een hei am Land legal eng Wandmille kann drop bauen. Do géif just nach den Accord aus dem Ëmweltministère feelen.

A genee do wëllen déi rose Bierdener Awunner nach intervenéieren. Si hätte gär eng Entrevue mat der Ministesch, dem Carole Dieschbourg, a si fuerderen en nationale Kadaster. Wou kënne Wandmille gebaut ginn a wou net? Hei wëlle si op alle Fall keng.

Back to Top
CIM LOGO