Am OktoberD'Zomm, déi vu Fongen hei zu Lëtzebuerg geréiert gëtt, ass zeréckgaangen
RTL Lëtzebuerg
D'Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF deelt mat, d'Organismes de Placements Collectifs haten am Oktober Aktiver am Wäert vu 4.207 Milliarden.
Update: 08.12.2025 16:19
Also ronn 70 Milliarde manner wéi de Mount virdrun. Ronn 4.000 Fonge sinn op der Finanzplaz aktiv, sou d’CSSF. Stabel, op ee Mount gekuckt, mee op ee Joer sinn et der ronn 250 manner. Lëtzebuerg ass no den USA déi gréisste Fongeplaz op der Welt.