
Wéi si ukomm sinn, goufen zwou Persounen an en Hond ugetraff. De Besëtzer vum Déier hat eng Blessur um Kapp, genau wéi och déi aner Persoun. Déi hat awer donieft nach eng Bësswonn vum Hond. Éischt Ermëttlunge weisen, datt d'Attack vum Hond d'Kläpperei tëscht de Persounen ausgeléist huet. De Parquet gouf informéiert an den Hond gouf saiséiert. Deen koum op Gaasperech an d'Déierenasyl.
Géint 21.45 Auer krut eng Persoun op d'Place d'Aarm an der Stad eng Kette vum Hals gerappt, ma déi Onéierlech hunn dës awer verluer. Wéi se op de Buedem gefall war, ass d'Affer mam Fouss drop getrëppelt, esou datt se net geklaut konnt ginn. Well d'Ketten en Ierfstéck war, huet si den dräi Täter proposéiert, hinnen am Plaz e Bracelet ze ginn. Déi Onéierlech sinn op deen Deal agaangen a si fortgelaf.
Op frëscher Dot goufen dann e puer Persounen e Freideg de Moien erwëscht, wéi si grad an e Geschäft an der Rue Michel Welter an der Stad agebrach waren. Zwee vun de Verdächtege konnten am Garerquartier dono ermëttelt a verhaft ginn, dat op Uerder vum Parquet. Si koumen virun den Untersuchungsriichter. Hir eventuell zwee Kolleege mussen nach ermëttelt ginn.
RTL-News: Kee Permis a verurteelt - Alkoholiséierte Chauffer mat Fuerverbuet bis 2036 gouf verhaft