Noutlandung un FindelE Fliiger vun Air France huet misste noutlanden

RTL Lëtzebuerg
E Fliger vun Air France, deen um Wee vu Moskau op Paräis war
© Screenshot Flight Radar 24

Um Findel ass e Fliger vun Air France en Dënschdeg de Moien um 11.55 Auer noutgelant. Luxairport huet eis dat confirméiert.

Bei engem Airbus A319 deen ënnerwee vu Moskau op Paräis war gouf et en Alarm beim Bremssystem.
Air-France huet dat op Twitter matgedeelt.

Aus Sécherheetsgrënn a fir d'Prozeduren anzehale sinn d'Piloten um Findel noutgelant. D'Landung wier normal verlaf.

No techneschen Iwwerpréiwungen ass de Fliger kuerz virun hallwer 4 nees a Richtung Paräis gestart.

Back to Top
CIM LOGO