Déifstall, Gewalt a Menacen zu BounewegE Grupp vu Jugendlechen huet Affer vu 14 Joer aggresséiert an zerschloen

Joel Detaille
Déi 6 Verdächteg konnten identifizéiert ginn a koumen op Schraasseg an de Prisong.
Symbolbild vun enger Festnam mat Handschellen
Symbolbild vun enger Festnam mat Handschellen
© AFP

De Parquet informéiert um Méindeg de Moien iwwert e Fall vu Vol mat Gewalt a Menacen, en Donneschdeg am Park Kaltreis zu Bouneweg. E Grupp vu 6 Jonken tëscht 13 a 17 Joer hunn e 14-Joer-jonkt Affer aggresséiert a ferm zerschloen.

Sollt d’Affer der Police Bescheed soen, géif dat nach méi schlëmm Konsequenze kréien, sou d’Menace vum Grupp, deen den Autoritéiten net onbekannt wier.

De Parquet schwätzt vu Faite vun enger besonnescher Gravitéit, déi net toleréiert ginn.

D’Enquête, déi Ufanks vun der Bouneweger Police geleet gouf, ass dofir och un d’Police judiciaire iwwergaangen, déi net manner wéi eng Dose Beamten an den Asaz geschéckt huet.

Déi 6 Verdächteg konnten doropshin och séier identifizéiert ginn, wouropshin et zu Perquisitioune koum. Et sollt sech erausstellen, dass de Virfall vum Donneschdeg vun hinne selwer gefilmt gouf.

De Grupp Jugendlecher gouf verhéiert an op Uerder vum Parquet koume se an de Prisong op Schraasseg, dat well an de spezialiséierte Strukture fir Mannerjäreger keng Plaz ass.

Den zoustännege Ministère bedauert dat, mä op Grond vun der Gravitéit vun de Faite wieren engem d’Hänn gebonnen.

Schreiwes vum Parquet (23.3.26)
Communiqué du parquet de Luxembourg dans le cadre d’une agression accompagnée d’un vol avec violences et des menaces

Back to Top
CIM LOGO