Fir datt weider nei Donateuren dobäikommen, sinn elo am Oktober verstäerkt d'Ekippe vun der Unicef an de Stroossen an op grousse Surfacen ënnerwee. Et muss ee sech mat der Zäit en déckt Fell uleeën, fir friem Leit no enger finanzieller Hëllef ze froen. Ma an awer iwwerweien déi positiv Erfarungen, déi een als Deel vun dëser Ekipp mécht an et wier een iwwert all neien Donateur frou, deen een fënnt.
"Global Parents" ass e Programm vun der Unicef, bei deem all Mount en Don ka gemaach ginn, fir domadder deene Kanner ze hëllefen, déi e méi schwierege Start an d'Liewen hunn. Déi éischt 1.000 Deeg am Liewe vun engem Kand sinn nämlech déi wichtegst, fir iwwerliewen ze kënnen. An a villen aarme Länner op der Welt feelt et och nach hautdesdaags un deem Néidegsten. Mat nëmme 66 Cent den Dag kann een e Kand ernieren.
Fir d'Unicef ass et wichteg, eng Vertrauensbasis mat hiren Donateuren ze schafen an dofir ass et och néideg, Leit ze hunn, déi hinnen all Mount ee klengen Don iwwerweisen. Op dësem Wee kënne si besser am Viraus plangen, wou d'Suen higinn, a kënnen och a Krisesituatiounen direkt d'Suen dohinner schécken, wou se dréngend gebraucht ginn. Fir dat Vertrauen opzebauen, musse sech d'Ekippen zu all Moment ausweise kënnen a se dierfen och ni no Boergeld froen oder unhuelen.
Dëst Joer hat d'Unicef dann och eppes ze feieren: D'Grenz vun 10.000 "Global Parents" ass nämlech geknackt ginn.