Dës gläichen dem sougenannte Kawasaki-Syndrom. D'Doktere si sech eens, dass e Lien mam Coronavirus plausibel ass. Och zu Lëtzebuerg an der Kannerklinik vum CHL war ee Kand betraff, bei deem Antikierpere géint de Covid-19 nogewise konnte ginn, confirméiert d'Kannerdoktesch Isabel De La Fuente vum CHL. D'Komplikatioun wär awer gutt ze traitéieren.
De Kawasaki-Syndrom – eng akut vaskulär Erkrankung mat vill Féiwer – ass den Dokteren nämlech bekannt. Dës Komplikatioun trëtt virop bei Kanner bis 5 Joer op, als Suite vu Virus-Erkrankungen, warscheinlech och vun där aus der Corona-Famill.
"Le lien avec le coronavirus.. il faut encore établir avec certitude que le coronavirus provoque ce Kawasaki, mais ça semble très bien possible, parce qu'on l'a vu déjà avec d'autres virus.", esou d'Isabel De La Fuente, Kannerdoktesch am CHL.
Dat heescht natierlech nach laang net, dass all Kand, wat mat engem Virus geplot ass, esou Komplikatioune fäerte muss.
"Une minorité d'enfants va répondre de façon inappropriée au virus. Bien sure, c'est la faute du virus qui arrive, mais c'est la cascade de l'organisme qui répond au virus avec un énorme syndrome inflammatoire."
Deen am schlëmmste Fall zu enger Entzündung vum Häerzmuskel féiere kann. Mä et wär eppes, wat gutt ze behandelen ass. Et gëtt nämlech Medikamenter dogéint. Iwwerdeems ass d'Krankheet relativ seelen. Zu Lëtzebuerg géif d'Moyenne bei 5 Fäll am Joer leien, seet d'Dokter Isabel De La Fuente. An der Kannerklinik am CHL huet een tëscht uganks Mäerz a Mëtt Abrëll – also matzen an der Corona-Zäit – awer 5 Kanner mam Kawasaki-Syndrom traitéiert. Bei zwee dovu kéint ee bal sécher ausschléissen, dass d'Komplikatioun duerch de Covid-19 ausgeléist gouf. Ee Kand dogéint huet missen op der Intensivstatioun behandelt ginn.
"Cet enfant avait des anticorps contre le coronavirus. Il a fait une manifestation grave avec une pneumonie et il avait aussi une inflammation du cœur et les signes typiques du coronavirus. Nous l'avons traité comme nous traitons les Kawaski et il a très vite récupéré. C'était trés rassurant pour nous. L'enfant était aux soins intensifs mais au bout d'une semaine d'hospitalisation il était chez lui. On le suit encore maintenant et il est en grande forme.", esou nach d'Isabel De La Fuente.
Der Dokter Isabel De La Fuente no dierft een och net vergiessen, dass déi meescht Kanner, déi sech mam Coronavirus infizéieren, esou gutt ewéi keng Symptomer hunn. Nawell hätten d'Pediateren d'Gesondheetsautoritéiten alertéiert. Et géif een d'Situatioun och genee am A behalen, esou nach d'Kannerdoktesch aus dem CHL.
