EttelbréckE Mann gouf mat e puer Droge-Kapselen erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems goufen am Kader vun enger Kontroll zu Stengefort e puer Leit mat Cannabis erwëscht.
© Laurent Weber

An der Nuecht op e Freideg hunn d'Beamten e Mann zu Ettelbréck kontrolléiert. Nieft e puer Kapsele mat Drogen, hu si och Boergeld an en Handy bei dësem fonnt. D'Géigestänn goufen op Uerder vum Parquet saiséiert an et gouf eng Perquisitioun beim Mann doheem gemaach, dës ass allerdéngs negativ verlaf. Et gouf e Protokoll erstallt.

Tëscht 20 Auer e Freidegowend an e Sonndeg Hallefnuecht hu Beamte vun der Lëtzebuerger Police a vun der Douane, zesumme mat Beamte vun der belscher Police am Kader vun der Operatioun "Hazeldonk" zu Stengefort am Ganzen 22 Gefierer kontrolléiert. Vun den 30 Persounen, déi an de Gefierer souzen, haten dräi Cannabis respektiv Haschisch bei sech, eng hat sech ënnert dem Afloss vun Alkohol an eng aner ënnert dem Afloss vun Drogen hannert d'Steier gesat. An alle Fäll gouf e Procès-verbal gemaach.

Back to Top
CIM LOGO