
D'Confirmatioun vun der Prisongsstrof aus 1. Instanz, dat heescht 6 Méint fest: Dat huet d'Vertriederin vum Parquet général e Mëttwoch op der Cour d'appel an der Stad géint e Mann gefrot, deen am Mee 2017 zu Déifferdeng 3 Ambulanciere bedreet hat, déi komm waren, fir him ze hëllefen.
De Mann war donieft am Juli um Stater Geriicht dozou condamnéiert ginn, der Verwaltung vun den Hëllefsdéngschter de symboleschen Euro an den Ambulancieren zesummen 1.300 € Schuedenersatz ze bezuelen.
Ënnert anerem hat hien déi 3 bal annerhallef Stonn net aus sengem Appartement erausgelooss. D'Appellsuerteel ass fir den 30. Januar.