Hëtzeg Diskussioune virprogramméiert?E Méindeg de Moie kënnt d'Comitéskonferenz vun der CGFP beieneen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg kënnt bei der CGFP d'Comitéskonferenz beieneen an do dierft et och ëm de Bewäertungssystem an der Arméi goen.
© RTL Grafik

Et kéint nawell héich hiergoen... Et geet ëm de Reproche un d’Regierung, dass de Gehälteraccord ënnerhielegt gëtt, andeems via d’Arméi mat engem Spezialgesetz de Bewäertungssystem duerch déi hënnescht Dier Zougang an d’Fonction publique kéint kréien.

Do wäert ee sech wieren, sot eis de Generalsekretär vun der CGFP, Steve Heiliger.

Extrait Steve Heiliger/ CGFP

Et wier eng prinzipiell Fro. Wann ee sech op der enger Säit als Regierung géif engagéieren an engem “Accord signé entre parties”, dass de Bewäertungssystem an der Fonction publique ofgeschaaft ass, da kéint deen net duerch eng Hannerdier an enger Administratioun nees agefouert ginn.

D’CGFP hat no engem weideren Echec am Kader vun der Conciliatioun gewerkschaftlech Aktiounen an Aussiicht gestallt a géif och de Wee op d’Verwaltungsgeriicht préiwen. Eng Pressekonferenz ass e Méindeg an der Mëttegstonn.

Déi zoustänneg Arméisministesch Yuriko Backes, déi deen Dossier geierft huet, hat am Januar bei eis am Background gesot, datt d’Regierung net wëlles hätt, de Bewäertungssystem bei der Arméi ofzeschafen. Dee wär ni ofgeschaaft ginn an et wär wichteg d’Kompetenze vun de Militär z’evaluéieren.

Wéinst Arméi-Bewäertungssystem: D’Relatioun tëscht der CGFP an der neier Regierung ass schonn um Buedem

Back to Top
CIM LOGO