Den 29. Abrëll 1990 gouf d'Monument vun der Grande-Duchesse Charlotte op der Place Clairefontaine ageweit. Déi 2 Meter 75 héich Statu ass vum franséische Kënschtler Jean Cardot. Zwee Deeg virum Begriefnis vun der Grande-Duchesse hat de Regierungsrot d'Decisioun geholl, fir datt déi verstuerwe Staatscheffin soll e Monument kréien.
Net wäit ewech um Knuedler steet dat wuel gréisste Monument: et weist de Wëllem, den 2. Kinnek vun Holland a Grand-Duc vu Lëtzebuerg. Hei gouf 3 Wochen no sengem Doud 1849 d'Initiativ lancéiert, fir him e Monument opzeriichten. Eng privat Initiativ huet eng Souscriptioun lancéiert, fir Suen ze sammelen. Ma et ass net richteg viru gaangen an 1880 huet de Staat decidéiert, fir anzesprangen an d'Monument ze finanzéieren, 4 Joer drop war d'Inauguratioun.
D'Statu vun der Prinzessin Amalia am Stater Park ass deemno méi al, si gouf schonns 1876 ageweit. Och hei war d'Decisioun séier geholl, datt déi verstuerwe Prinzessin mat engem Monument soll geéiert ginn. 2 Deeg no hirem Doud gouf d'Iddi vu Privatleit lancéiert.

Fir déi 3 Monumenter goufen Ausschreiwunge gemaach. Fir d'Statu um Knuedler goufe 5 renomméiert Sculpteure gefrot, fir d'Amalia hate 54 Kënschtler hier Iddien agereecht a fir d'Realisatioun vum Monument Grande-Duchesse Charlotte goufen et 26 Kandidaturen.

D'Zuel vun de Monumenter, mat deenen eis fréier Staatscheffe geéiert ginn, ass relativ iwwersichtlech. Net jiddweree krut eng Statu. Wéi zum Beispill de Mann vun der Prinzessin Amalia, de Prënz Henri, deen am Numm vum hollännesche Kinnek Lëtzebuerg verwalt huet. No him gouf de Boulevard Prince Henri benannt. De Grand-Duc Adolphe krut déi nei Bréck an de Guillaume III krut de Boulevard Royale an d'Kinnekswiss no sengem Numm benannt.
Fir e Staatschef mat engem Monument ze éieren, mussen natierlech verschidde Prozeduren a Reegelen agehale ginn. Et muss eng Plaz fonnt ginn, déi net scho vun engem anere Monument besat gëtt, respektiv op där e schonn e Monument an der Géigend ass.