Sief et ee Parkhaus zu Péiteng oder eng Partie Projeten zu Hesper, dorënner eng Sportshal, rezent hu mer vun e puer Fäll beriicht, wou Gemenge sech net un d'Gesetz vun de Marchés publics gehalen hunn. De Marc Hoscheid hat déi Reportage gemaach an dobäi héieren, datt dat keng Eenzelfäll sinn, oder?
Jo genee. Et ass e bëssi witzeg, wéi ech mam Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf geschwat hunn, huet deen direkt gesot, si wieren net déi eenzeg, mee Hesper wier an deem selwechte Fall. Do ass mat der Diane Adehm jo eng CSV-Partei-Kolleegin um Rudder. Zu Hesper hunn dunn esouwuel d'Buergermeeschtesch wéi och d'Oppositioun gesot, d'Majoritéit vun den 100 Gemengen hei am Land géing géint d'Gesetz vun de Marchés publics verstoussen. D'Diane Adehm sot nach: "Frot mol beim Inneminister no, wéi et zu Gréiwemaacher ass." Zur Erënnerung, den Inneminister Léon Gloden ass vu Gréiwemaacher an hien ass och CSV-Member.
Gouf beim Léon Gloden nogefrot oder iere bei deenen aneren 98 Gemengen?
Also dat mat den 98 Gemengen, war mer bëssi ze ëmständlech, dowéinst hunn ech beim Inneministère nogefrot. Dee mécht nämlech am Kader vum Contrôle des comptes Stéchprouwe bei de Gemengen, an do kann dann och festgestallt ginn, ob déi jeeweileg Gemeng géint d'Gesetz verstouss huet. Dat ass zum Beispill de Fall, wann déi falsch Prozedur ausgewielt gouf, d'Dokumentatioun net richteg opgestallt gouf oder Feeler beim Oflaf vun der Marchésprozedur gemaach goufen.
Da misst een elo wëssen, wéi vill a wéi eng Gemenge rezent an deem Fall waren?
Dat kéint ee mengen, mee wie mengt, dee weess jo bekanntlech näischt. Vum Inneministère heescht et, datt ee keng Lëscht vun deene Gemengen huet, déi rezent géint d'Gesetz vun de Marchés publics verstouss hunn. Ech hunn du geäntwert, si misste jo awer kënnen nokucken, wéi eng Gemenge si am Kader vun där leschter Kontroll ugeschriwwen hunn, fir se drop opmierksam ze maachen, datt se géint d'Gesetz verstouss hunn, mee dorop krut ech ni ee Retour. Fir mech ginn et dräi méiglech Grënn: Entweder ass een am Inneministère informatesch net gutt opgestallt an et misst een eng zimmlech opwänneg Recherche maachen oder et weess een, datt vill Gemenge betraff sinn an et wëllt een net, datt dat public gëtt oder et si just e puer Gemenge betraff an et wëllt een déi net ëffentlech un de Pranger stellen.
Mol ganz naiv gefrot, wat reegelt d'Gesetz vun de Marchés publics iwwerhaapt genee?
Ganz graff resuméiert soll d'Gesetz dofir suergen, datt wann de Staat oder eng Gemeng oder een aneren ëffentlechen Acteur zum Beispill ee Bauprojet realiséiere wëllt, den Optrag net einfach un eng oder puer Firme vergi gëtt, déi engem, aus wat fir Grënn och ëmmer, an de Krom passen. Fir dat ze verhënneren, sinn Ausschreiwunge virgesinn. Wéi eng Prozedur genee agehale muss ginn, hänkt virop vun der finanzieller Envergure vum Projet of. Wann zum Beispill bei engem Bauprojet d'Grenz vu 5.404.000 Euro iwwerschratt gëtt, da gëllen d'EU-Reegelen. Ee ganz wichtege Facteur ass dann och den Devis, well d'Projete sou bëlleg wéi méiglech realiséiert solle ginn, ëmmerhi geet et ëm Steiersuen.
Wat sinn dann iwwerhaapt d'Konsequenzen, wann eng Gemeng géint d'Gesetz vun de Marchés publics verstéisst?
Déi sinn nawell zimmlech iwwerschaubar. Den Inneministère formuléiert just "Observatiounen". An de "Rapports de vérification" gëtt festgehalen, wat net gesetzeskonform exekutéiert ginn ass. Dat soll dann dozou féieren, datt d'Gemengen déi Feeler an Zukunft net méi maachen, et ass also éischter eng Zort Berodung. Theoreetesch kéinte Privatpersounen de jeeweilege Schäfferot usichen, zum Beispill Baufirmen, déi sech benodeelegt fillen, mee wann een d'Fäll vu Péiteng an Hesper hëlt, ass dat do net geschitt. Ech hunn den Inneministère gefrot, ob et dacks zu Plainte kënnt, do gouf ech awer un d'Police an oder un d'Justiz verwisen.
Viru Kuerzem war iwwregens um Bord vun enger Chamberkommissioun ze héieren, datt d'Gesetz vun de Marchés publics iwwerschafft soll ginn. Ech wollt dowéinst vum Inneministère wëssen, ob vläicht driwwer nogeduecht gëtt, Strofen anzeféieren, wa sech net un d'Gesetz gehale gëtt. Do war et d'Äntwert, datt d’EU-Kommissioun rezent eng Propose fir ee Reglement gemaach hätt, mee et nach ze fréi wier, fir konkret Aussoen dozou ze maachen.