
“Et geet an déi Richtung, wéi mer eis et eigentlech scho geduecht hunn”, seet d’Sam Tanson vun déi Gréng op d’Nott vum Comité économique et financier national ugeschwat, déi och RTL virläit. Aus dëser geet ervir, dass d’Ekonomie um Enn vum Joer wuel net laanscht eng Rezessioun kënnt. De PIB soll ëm 0,8 Prozent falen.
E puer méiglech Zenarie fir d’Ekonomie wiere bekannt gewiescht, lo wier dee méi ongënschtegen agetraff, beschreift de Mars Di Bartolomeo vun der LSAP d’Situatioun. An och de Fernand Kartheiser vun der ADR seet, mat Bléck op d’Zuelen aus dem Ausland, wier een net iwwerrascht, dass eng exposéiert Ekonomie wéi déi lëtzebuergesch net dolaanscht kéim.
Manner awer de Fait, dass elo eng Rezessioun agetrueden ass, mee méi deen, dass d’Zuele vum Statec dat esoulaang net indiquéiert hätten, stéiert de Sven Clement vun de Piraten, wann en iwwert d’Nott mat den Zuele kuckt. “Am Abrëll huet de Wärungsfong seng Previsiounen hallwéiert, par Rapport zum Statec. Am Programme de stabilité et de croissance (PSC) sinn awer nach déi duebel esou héich Zuele vum Statec geholl ginn”, mierkt de Pirat un. Wéi de Statec seng Prognose mécht, wier net duerchsichteg. D’Zuelen, déi erauskéimen, wiere weder am Aklang mat deem wat d’OECD seet, nach deem wat de Weltwärungsfong oder d’Kommissioun soen.
LSAP, Piraten an déi Gréng si sech awer net eréischt opgrond vun den neisten Zuelen eens, dass d’Walversprieche vun der CSV vu manner Steiere fir jiddereen net ëmzesetze wier. “Bis elo huet just een “die wundersame Brotvermehrung” fäerdegbruecht”, beschreift de Mars di Bartolomeo vun der LSAP d’Versprieche vum Luc Frieden. Verschidde Parteien hätten am Walkampf Abstraktioun vun der Situatioun gemaach, fir bei de Leit unzekommen, mengt d’Sam Tanson. “D’Nott huet näischt fundamental un de Positioune geännert, déi mir wäerten an dee Koalitiounsaccord schreiwen”, erkläert dann de Formateur Luc Frieden, nodeems hien e Mëttwoch am Nomëtte beim Grand-Duc am Palais war, fir dësem en Tëscherapport iwwer déi lafend Koalitiounsgespréicher ze maachen.
De Fernand Kartheiser vun der ADR huet et sech net huele gelooss, den Nach-LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot ze kritiséieren, deen e Mëttwoch de Moien als Invité vun der Redaktioun sot, déi nei Regierung géing e Spuerkurs preparéieren an dat wier fir hie just feelend Ambitioune fir Investissementer. “Et ass irresponsabel ze soen, et kéint een esou weidermaache wéi bis elo”, seet de Fernand Kartheiser. D’Ekonomie misst nei opgestallt ginn an de Staatsbudget nees an d’Gläichgewiicht bruecht ginn.
All d’Parteie si sech awer eens, dass keng Austeritéitspolitik dierft gemaach ginn an d’Investitiounen trotz enger méi schlechter Wirtschaftssituatioun mussen héichgehale ginn. Och eng punktuell Steierreform misst onbedéngt kommen. “Et muss ee punktuell entlaaschten an net mat der Géisskan iwwert d’Land fueren an der Hoffnung, dass eppes spréisst”, sou de Sven Clement. De Luc Frieden huet dann nach betount, dass CSV an DP sech eens wieren, dass een eppes misst maachen, fir déi wirtschaftlech Aktivitéit unzekuerbelen an d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken.