Assemblée générale vun der LVIE Parking fir 1.500 Vëloen, e Subsid, wann een ee keeft, ...

Monique Kater
... eng Al Avenue ouni Auto an eng Iddi fir eng Vëlos-Bréck - Regierung a Stad Lëtzebuerg ginn dem Vëlo Prioritéit.
© AFP (Archiv)

Dat neit Vëlos-Piste-Gesetz soll wa méiglech nach virun der Ouschtervakanz gestëmmt ginn, an et ass iwwer Règlement grand-ducal decidéiert, d'Cycliste mat engem Subsid ze belounen, wa si en neie Vëlo kafen – 25% vum Akafspräis mat engem Plafong vun 300 Euro ginn et!

Assemblée générale vun der LVI / Reportage Monique Kater

Mat dësen an anere Nouvellë konnt den Transportminister d'Membere vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) a soss Frënn vun dësem Null-Emissiouns-Zweerad begeeschteren. De François Bausch an de Stater Mobilitéitsschäffe Goldschmidt waren als Invitéë fir d'Assemblée générale vun der Vëlos-Initiativ e Freideg den Owend annoncéiert ginn an un där huet dunn och den neien Tourismusminister Lex Delles deelgeholl. Hie wëllt aus dem Vëlos-Land Lëtzebuerg en touristeschen Atout maachen. Fir dat z'erreechen, bréicht ee landeswäit Vëlos-Pisten, déi an engem komplette Netz verlafen.

An deem Kontext huet de François Bausch säi Plang fir déi nächst 5 Joer virgestallt, 18 Kilometer Piste wieren haut am Chantier, 32 an der Soumissioun an iwwer eng 200 Kilometer géif nach eréischt nogeduecht. Kloer wier, dass bei all gréisserem Bauprojet och déi vum Staat, de Vëlo misst an d'Planung mat agebonne ginn. Fir d'Offer vum Tram ze ergänzen, kéim zum Beispill en ënnerierdesche Parking op d'Gare, dat fir ëmmerhi 1.500 Zweerieder. D'Nei Avenue gesäit de Minister dann als "Kiss and Go"-Zon a präziséiert, dass d'Stad Lëtzebuerg e ganz wichtege Partner wier bei der Ëmsetzung vun de vëlo-frëndleche Mesuren.

Därer huet de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt eng ganz Partie opgezielt, nieft der Pist, déi mat der Tramslinn geet, kéint een och an der Avenue Marie-Thérèse Plaz fir de Cyclist maachen, allerdéngs op Käschte vun enger Rëtsch Parkplazen; mä den Auto kéint do ouni Problem an e Souterrain auswäichen. D'Gare kréich mam frësch renovéierte Parking Neipperg dat Modernst vum Modernsten als Méiglechkeet, den Auto ze parken; dee verléiert nämlech an der Aler Avenue, vun der Gare bis bei d'Bourbon-Strooss, op enger Stroossesäit seng Plazen. Mä souwisou wier d'Al Avenue vun elo Abrëll u komplett zou fir den Auto, well de Bus wéinst den Aarbechten um Tram-Reseau vun der Neier Avenue misst erof, sou de Schäffen, deen op der Assemblée générale vun der Vëlos-Initiativ dunn nach mat der Nouvelle erausgeréckelt ass, hien hätt eng Léisung fir d'Bréck vum Cents op de Kierchbierg an der Täsch - déi bleift awer bis Mäerz oder Abrëll do, wou se ass, an wéi déi lescht 12 Joer e Stuerm am Waasserglas.

Back to Top
CIM LOGO