D’Renaturéierung vun der Mamer ass eng Geschicht, déi e Baart huet. 20 Joer laang diskutéiert, dëst Joer zu Miersch am Park lancéiert. An et gëtt nach besser: D’Renaturéierung wäert mat der Remark “Kommunikatiounsfeeler” an d’Archive vu Gemeng an Ëmweltministère aklasséiert ginn. Et wiere nämlech 23 Beem ze vill ofgeholzt ginn, heescht et no bal fënnef Méint Enquête. A wier dat net schonn uerg genuch, huet virun dräi Wochen och nach e fatzege Stuerm den Uelzechtdall an deemno och de Mierscher Park ferm ramponéiert.
De Michel Malherbe ass gär an der Natur a gär Buergermeeschter. Datt de Mierscher Gemengepapp d’A verdréit, wann hie säi Park aktuell gesäit, ass normal:
Éischtens haten d’Natur- an d’Waasserverwaltung den Uerder ginn, wéinst der Renaturéierung 45 Beem – där Gro Pëppelen – laanscht d’Mamer ewechzemaachen. Ma et ass iergendeng schif gelaf, wel, esou d’Info aus dem Environnement, leider 23 Beem ze vill gehae gi wieren. Der Däiwel, dat wieren der eng jett, an en, Zitat “Kommunikatiounsfeeler” mat engem miserabelen CO2-Footprint. De Ministère huet dës Kéier net mat eis geschwat, mä dofir de Mierscher Chef Michel Malherbe, deen erkläert, dass si just vu dräi Beem wéissten, déi ze vill ewechkoumen, well anerer op se gefall sinn.
68 Beem si fort, schreift elo de Ministère op eis Ufro hin. Allerdéngs kënne weder Staat nach Gemeng erklären, firwat et der dann elo esouvill méi waren. Ausser de Staat géif d’Hecke laanscht d’Waasser matzielen, rechent de Buergermeeschter.
Hei bleift also e Fragezeichen, an nom Stuerm vu virun dräi Wochen och nach e Park, deen net méi no Park ausgesäit. Hei sinn et d’Beem laanscht d’Uelzecht, déi e ferme Coup kruten a vun deenen, wann iwwerhaapt, just nach e plakege Stamm iwwreg ass, mat Stëmp riets a lenks. Beem vu bis 150 Joer. Alles an allem eng Katastroph, déi d’Gemeng probéiert ze minimiséieren. Nei Beem gi geplanzt, och wann déi d’Aarbecht a Saache Klima vun deenen, déi ëmgefall sinn, net esou séier kënnen iwwerhuelen.
2021 hat Miersch 3 Milliounen Euro Schued wéinst den Iwwerschwemmungen, d’Renaturéierung kéint do vläicht hëllefen. Wat de Schued duerch de Stuerm ugeet, deen ass esou séier net ze kompenséieren, weess de Michel Malherbe a bedauert, dass och déi zwou schéin Trauerweeden bei der Kierch am Stuerm ëmgefall sinn.
Zanter e Freideg ass de Mierscher Park iwweregens nees op, virdru war en eng laang Zäit fir de Public gespaart