
Dat wieren 2,6 Prozent méi wéi d'Joer virdrun, heescht et vun der Direktioun, déi e Mëttwoch de Bilan vum Grupp presentéiert huet. De Schwéierpunkt vum Grupp läit weider beim Assurancëgeschäft am Grand-Duché. Dat huet zejoert gutt 700 Milliounen Euro an domat 14,2 Prozent méi erabruecht wéi am Joer 2017. Just bei de Liewensversécherungen ass d'Resultat e bëssen erofgaangen.
D'Geschäft mat de Liewensversécherunge war fir de Foyer d'lescht Joer net grad sou lukrativ wéi nach dat Joer virdrun. Dat louch haaptsächlech dorun, dass et 2018 op de Bourssen deels vill biergop a biergof goung. Doduerch haten d'Leit manner iwwereg, fir a Liewensversécherungen ze investéieren. Ma trotz där Baisse koum 2018 awer nach méi wéi eng Milliard Euro u Primmen eran.
Allgemeng weist sech den Administrateur-délégué Marc Lauer deemno och zefridde mam Resultat vum leschte Joer: "D'lescht Joer war fir eis e gutt Joer, haaptsächlech op dem Lëtzebuerger Marché. An der Belsch an an der Assurance-Santé hu mer ganz gutt evoluéiert. Mir hu gutt Taux de croissancen, wat eis Primmen ugeet. Mir hunn och e Resultat, wat sech och verbessert huet par Rapport zu schonn engem ganz gudde Resultat dat Joer virdrun. Eist Resultat operationell ass ëm 6 Prozent an d'Luucht gaangen. Mir maachen haut e Resultat final vu bal 95 Milliounen an dorop bezuele mir bal 36 Millioune Steieren."
Zu Lëtzebuerg wiere ronn 130.000 Stéit beim Foyer verséchert an 2018 wier d'Assurance ganzer 272.000 Mol fir e Schued opkomm, esou de Marc Lauer weider. D'Zuel vun de Foyersagenten ass iwwerdeems erofgaangen.
"Dat ass dorop zeréckzeféieren, dass mir engersäits eng nei Legislatioun hunn, déi vill méi Exigenzen op d'Agente leet, mä anerersäits och, well e ganze Koup vun deenen Agenten, déi dat nëmmen niewebäi gemaach hunn, déi Efforte vun der Professionaliséierung an der Formatioun net méi kënnen oder wëlle matdroen.", betount de Marc Lauer.
D'Berodung géif ëmmer méi komplex ginn, well och d'Clienten ëmmer méi individuell Uspréch hätten, wat si wëlle verséchert hunn a wat net, heescht et vun der Direktioun. Den Ament ginn et zu Lëtzebuerg awer ëmmer nach ganzer 635 Foyersagenten.