
Héichsummer hu mir aktuell zu Lëtzebuerg. Temperaturen déi wäit iwwer 30 Grad leien an e verlängerte Weekend steet virun der Dier.
Bei dësem Wieder freet sech Mënsch an Deier iwwer all Ofkillung, déi méiglech ass. Ronderëm de Stau gëtt dowéinst fir dëse Weekend nees mat ganz ville Visiteure gerechent. Dass et fir jiddereen och e flott Erliefnis gëtt, ass et wichteg sech u verschidde Reegelen ze halen.
Ugefaange mam Parke vum Auto. Hei soll ee vun den zwee groussen Opfangparkinge bei den Dierfer Lëlz an Ënsber profitéieren. "Et soll ee wa méiglech evitéieren an Dierfer selwer eranzefueren oder esou no ewéi méiglech bei d'Plage ze kommen. Dat huet alles kee Sënn", esou d'Buergermeeschtesch vun Esch-Sauer, d'Mireille Welter.
Eng Plage-Navette bréngt d'Leit och bis bei d'Waasser. Wann een als Famill mat de Kanner kënnt, wär dëst eng flott Alternativ ouni Stress bei de Stau ze kommen. "Et soll een op kee Fall sech falsch parken. Well wa mol eppes geschitt, mussen d'Secouristen sou séier wéi méiglech bäikommen. Et wär dohier net gutt, wa si de Wee duerch Autoen déi falsch stinn, blockéiert ginn".

Op der "Fuussewiss" ginn et mëttlerweil och fest Grillplazen, wou d'Visiteure grille kënnen. 8 Plaze ginn et op der "Fuussewiss" an och zu Lëlz fënnt een där Plaze fir ze grillen. "Et brauch een also nëmmen dat matzebréngen, wat ee well op de Grill leeën", esou d'Mireille Welter.
Wënschenswäert wär et, datt d'Leit owes kee Knascht op der Plage oder an der Wiiss hannerloosse géifen. Op der "Fuussewiss" gëtt et elo och en neie System, fir de Knascht ze sammelen. "De Knascht gëtt recycléiert. Plastik an och de globalen Dreck".
Net nëmmen d'Awunner vu Lëtzebuerg profitéiere vum Stau an der Gemeng Esch Sauer. Vill Leit komme reegelméisseg aus der Groussregioun op Lëlz oder Ënsber. Sief et aus der Belsch oder Frankräich.
Op engem Weekend kéint et mat 3 bis 5.000 Visiteure beim Stau rechnen.
D'Police mécht dann um Freideg och nach emol de Rappell, dass se wäerten de Weekend an op Nationalfeierdag Kontrolle maachen, ob d'Leit sech un d'Reegelen halen.