
Esou ass zum Beispill rieds vun e puer Ausernanersetzungen uechter d’Land, bei deene sech awer erausstelle sollt, dass et reng verbal Streidereie waren, déi sech och séier nees berouegt haten.
Eng Kläpperei gouf an der Nuecht op e Samschdeg am Garer Quartier an der Stad gemellt. Hei gouf dann och eng Persoun mat engem Messer un engem Fanger verwonnt. Eng Enquête soll klären, wat genee geschitt ass.
Gestridde gouf dann och e Samschdeg den Owend an der Bouneweger Strooss. Wéi d’Police op der Plaz ukomm war, stoung en alkoholiséierte Mann matten op der Strooss an huet wëll ronderëm gestikuléiert an déi aner Leit vernannt. Fir sech ze berouegen, gouf e mat op de Policebüro geholl, wou en d’Nuecht da verbruecht huet.
E Freideg am Nomëtteg krut eng Persoun hiren Handy op engem Spadséierwee zu Beefort geklaut. Zwee Täter hunn dem Affer den Handy aus der Hand gerappt. Blesséiert gouf keen.