Alkohol um SteierE puer Leit haten ze vill gedronk an hunn hire Permis missen ofginn

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Sonndeg den Owend an an der Nuecht op e Méindeg e puer Führerschäiner agezunn, dat wéinst Alkohol um Steier.
© AFP

Dat e Sonndeg den Owend géint 21.40 Auer zu Mamer an der Rue de la Libération, um 23.30 Auer zu Beefort an der Grand Rue a géint 12 Auer nuets zu Munneref an der Avenue Franz Clement.

En Accident gouf et um Méindeg de Moie géint 7.37 Auer um CR322, tëscht Kautebaach a Konstem.  Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren den Asazzenter an d'Ambulanz vun Housen.

Back to Top
CIM LOGO