HabschtE puer Persounen hu sech an engem Café zerklappt

RTL Lëtzebuerg
Déi bedeelegt Persoune sinn nom Sträit fortgefuer. Zwou vun hinne konnte lokaliséiert ginn.
© Laurent Weber

An der Nuecht op e Freideg krut d'Police eng Kläpperei tëscht e puer Persounen an engem Café zu Habscht gemellt. Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz gefuer. Den éischten Informatiounen no koum et zu der Kläpperei, wéi eng Partie Persounen, déi sech donieft beholl hunn, gebiede goufen, de Café ze verloossen. Dës wieren nom Sträit mat e puer Gefierer fortgefuer. Eent vun de Gefierer, dat an Direktioun Schweech gefuer ass, konnt kuerz drop gestoppt ginn. Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv an et gouf e Protokoll erstallt.

Am Kader vun enger Enquête konnt eng weider implizéiert Persoun op enger Tankstell um Sennengerbierg lokaliséiert ginn. Och hei gouf en Alkoholtest gemaach, deen e positiivt Resultat gewisen huet. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet verhaangen.

Et gouf e Protokoll wéinst der Kläpperei erstallt.

Iwwerdeems mellt d'Police en Iwwerfall mat Gewalt an der Stater Avenue de la Gare. Den éischten Informatiounen no hätt hei e Mann een aneren um Donneschdegowend no enger Zigarett gefrot. Wärend dem Gespréich wier dem Affer opgefall, wéi den Täter versicht huet, him den Handy aus der Boxentäsch ze zéien. D'Affer hätt doropshi wëlle weidergoen, wouropshin den Täter handgräiflech gi wier an him den Handy geklaut hätt. Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO