Éischte Bilan vun de ForainenE super Fouer-Weekend

Tim Morizet
D'Forainen op der Fouer weise sech zefridden. Dat gutt Wierder huet zanter dem Ufank vun der Fouer e Mëttwoch vill Visiteuren op de Glacis gelackelt.
Éischte Bilan vun de Forainen: E super Fouer-Weekend
D’Forainen op der Fouer weise sech zefridden. Dat gutt Wierder huet zanter dem Ufank vun der Fouer e Mëttwoch vill Visiteuren op de Glacis gelackelt.

Bilan Schueberfouer / Reportage Chris Meisch

“E Mëttwoch war et scho bal ze waarm. En Donneschden a Freide ware mer wéinst dem Ree Mëttes kuerz nervös ginn, mee de Weekend war et fantastesch - vill Visiteuren, vill Famillen hu fir eng gutt Stëmmung gesuergt. Fir eis kann d’Fouer déi nächst Deeg genau esou weidergoen”, esou de Charles Hary, President vun de Forainen, e Méindeg op enger Pressekonferenz. Geschat waren et bis ewell knapp 100.000 Clienten den Dag op der Schueberfouer. De Bilan fällt also positiv aus. Dem President vun de Forrainen no wieren fir d‘Ouvertür méi Leit do gewierscht ewéi nach déi lëschte Joren. Et géif een hoffen dëst Joer neess bei de Succes vun 2019 hinzekommen. Dem Patrick Goldschmidt no, zoustännege Schäffen, wiere grouss Staue ronderëm d‘Fouer déi éischt Deeg evitéiert ginn: „Ech si frou ze gesinn, datt esou vill Leit op den ëffentlechen Transport an d‘Navette vun den Opfangparking zeréckgräifen.“

Eng gutt Planung

Alles an allem awer wier et eng gutt Zesummenaarbecht tëscht den 211 Forrainen an dem Service des fêtes et marchés vun der Stad Lëtzebuerg. De Grond dofir, datt d’Schueberfouer vun Ufank u reiwungslos iwwert d’Bün geet. “Och déi, déi fir déi éischte kéier hei sinn, weise sech zefridden. Si betoune souguer, datt d’Volleksfest méi ewéi just gutt organiséiert ass”, esou de Fouermeeschter, Laurent Schwaller.

Net esou erfreet weist de President vun de Forainen sech iwwert de Rumeur, datt verschidde Forainen duerch nei a méi streng Kontrakter fir d’Stänn vun der Stad Lëtzebuerg manner gutt géifen ewechkommen: “Nee, déi Kontrakter sinn net méi streng ginn. Et muss ee just elo detailléieren, wat ee genee verkeeft, fir datt sech och dru gehale gëtt. D’Gemeng freet do och, genau wéi bei de Spiller, d’Präisser vum Produit a kontrolléiert, ob d’Foraine sech drun halen”. Et goufen och scho Kontrollen an deem Kontext op der Fouer.

Der Restauratioun geet et excellent

Der Restauratioun op der Fouer geet et excellent."Et geet ëmmer méi fréi lass och bei de Reservatiounen“, esou de Jérôme Bigard, Gerant vun engem Restaurant mat 250 Sëtzplazen. “D’Leit huele bësse méi wäit aus. Dat hëlleft eis awer och bei der Preparatioun.” Generell wieren et 20 bis 30 Prozent méi Reservatiounen ewéi nach d’lescht Joer. Eng Rei Restauranten kruten déi och scho éier, datt se hir Dieren iwwerhapt d’lescht Woch opgemaach hunn. Ronn 5.000 Sëtzplazen ginn et insgesamt fir d’Restauratioun op der Fouer. Vereenzelt Restaurant hunn aktuell schonn tëscht 3.000 a 6.000 Reservatioune fir hiren Emplacement.

Um Dënschdeg ass et och nees den traditionelle Buergermeeschterdag op der Fouer. 54 Buergermeeschtere si mat dobäi. Esou vill hate mer der nach ni”, erkläert de President vun de Forainen. Am Waljoer profitéieren nach eng kéier eng Rei Politiker fir en Acte de presence um Familljefest ze maachen. En Erléis vun 350 Euro pro Etablissement gëtt un d’Croix Rouge gespent. Dëst Joer ass awer déi éischte kéier zanter dem Ufank vun der Traditioun, datt ee Restaurant net méi bei der Aktioun matmécht.

Firwat eppes ännere wat gutt geet?

Déi positiv Aspekter gi vu Joer zu Joer bäibehalen. Fir d’Leit déi den éischte Weekend nach net op der Fouer waren: et gëtt keng essentiel Verännerungen. Och dëst Joer wäert dat offiziellt Maskottchen “Lämmy” ënnerwee sinn an Tickete fir dat grousst Gewënnspill verdeelen. De 7. September gëtt da geloust. Ze gewanne ginn et ënner anerem Reesen fir a verschidde Fräizäitparken.

Back to Top
CIM LOGO