Fir déi Leit, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn, leeft vun e Sonndeg u bis Enn Mäerz nees d’Wanteraktioun. Dat heescht, datt Leit, déi op der Strooss sinn, d'Méiglechkeet hunn, a Strukturen z'iwwernuechten an och den Dag iwwer do gehollef kréien. Elo gëtt et och een neien Nuetsfoyer um Findel. Vun der Wanteraktioun um leschte Steiwer wäerten all Dag an der Moyenne eng 130 Leit profitéieren. Hei kenne sech Strummerten daagsiwwer opwiermen, eppes iessen, Kicker spillen oder Tëlee kucken. Zënter 18 Joer gëtt et d'Wanteraktioun. Ënnerstëtzt ginn d'Sans-Abrise vu Mataarbechter vun de Partnerorganisatiounen. Et ginn awer keng gréisser Suivien do gemaach, esou Inter-Actions.
Leit ouni Daach iwwert dem Kapp kréien awer och am neien Nuetsfoyer um Findel gehollef, wou se eben d'Méiglechkeet hunn, do ze schlofen an eppes z'iessen. An där Struktur ginn et eng 250 Better. Am Verglach zu där provisorescher Struktur, déi och um Findel war, goufen d'Capacitéiten liicht erop geschrauft. De Partnerorganisatiounen no ass déi nei Struktur virun allem méi modern.
Moies an owes zirkuléiere fir d'Sans-Abrisen Navetten tëscht der Stad an deem Nuetsfoyer. D'Mataarbechter schwätzen dann och mat de Leit a probéieren, si jee no Situatioun weider z'orientéieren. Den neien Nuetsfoyer huet 6,5 Milliounen Euro kascht.
RTL NEWS: Bei der Wanteraktioun ginn nees Benevoller gesicht