Xavier Bettel vun der DP"Ech ginn net Premier, fir Premier ze bleiwen"

Jeannot Ries
"Ech gesinn net, wou d'Loft hei eraus ass", dat sot de Premier Xavier Bettel am RTL-Interview, op d'Kritik vum CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden.
Xavier Bettel vun der DP am RTL-Interview
6 Méint virun de Chamberwale fille mer de Bols bei de 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn. E Freideg am Interview de Xavier Bettel.

“Ech si ganz houfreg iwwert dat wat mer gemaach hunn”D’Loscht, d’Energie an d’Motivatioun wieren nach do, fir weider ze maachen, den Ament hätt een nach nach vill Aarbecht. Et géif ee weider um Koalitiounsaccord festhalen. Donieft hätt een och eng Covid-Kris, Energiekris oder och Inflatiounskris gemeeschtert, dat wieren alles Saachen, déi net am Koalitiounsprogramm gestanen hätten, esou de Premier.

“Et ass de Wieler, deen decidéiert”

De Wieler géif decidéieren, wéi d’Kräfteverhältnisser no de Wale sinn. An da missten och d’Inhalter passen. Eng Koalitioun mat der CSV huet den aktuelle Staatsminister net ausgeschloss, genee wéi eng Weiderféierung vun der aktueller Dräierkoalitioun.

“Ech ginn net Premier, fir Premier ze bleiwen, also ech ginn net mat an d’Walen, fir Premier ze bleiwen, wann et drëms geet, dass mer riicht an d’Mauer rennen. Ech kennen d’Programmer net vun deem engen oder deem aneren.”

Mordikus eng 35-Stonne-Woch anzeféieren oder d’Steiere fir Betriber ze erhéijen, wieren en “Nogo”, esou de Xavier Bettel am RTL-Interview. D’Fro, déi sech géif stellen, wier, mat wiem kéint een d’Politik aus de leschten 10 Joer weider féieren. Ausgeschloss huet de Xavier Bettel eng Zesummenaarbecht mat Déi Lénk oder der ADR an enger Regierung.

Nom 8. Oktober eng drëtt Dräierkoalitioun?

A genee engem hallwe Joer sinn d’Chamberwalen. Gëtt de Xavier Bettel eng drëtte Kéier Lëtzebuerger Premier? Oder mécht seng Koalitiounspartnerin Paulette Lenert, beléiftste Politikerin am Land, him e Stréch duerch d’Rechnung? Mam Luc Frieden als Spëtzekandidat huet d’CSV d’Kaarten nach emol nei gemëscht. Wéi et um Enn ausgeet, soll de Wieler den 8. Oktober entscheeden. Mä wie mat wiem kann a wëll, dat war an der Vergaangenheet eng ganz aner Saach.

Nom 8. Oktober eng drëtt Dräierkoalitioun?
A genee engem hallwe Joer sinn d’Chamberwalen. Gëtt de Xavier Bettel eng drëtte Kéier Lëtzebuerger Premier? E Reportage vum Jeannot Ries.

Back to Top
CIM LOGO