D'Verbänn an d'Independanten hate sech en Donneschdeg an engem gemeinsame Schreiwes un den Aarbechtsminister Dan Kersch geriicht. An dësem gouf hie schaarf attackéiert, well hien an engem private Facebook-Commentaire gemengt hat, et kéint een net all Fräiberuffler eng ëffentlech Entschiedegung ginn, wuelverstane fir si selwer, d‘Mataarbechter kréie jo Chômage partiell.
D'Independante soen: mir sinn net all räich, vill leide béis ënnert der Kris a froen, dass si d'selwecht wéi aner Bierger behandelt ginn. De Minister huet och weider Hëllefen nieft de 5.000 respektiv den 2.500 Euro, déi jo ausbezuelt ginn, an Aussicht gestallt. De Chômage partiel wier fir si awer net déi richteg Hëllefsmethod, well een do säi Statut als Fräiberuffler misst opginn.

RTL-Artikel: Policekontrolle lafe weider, Mondschutz am ëffentlechen Transport obligatoresch