CGDISEe Blesséierte bei Accident op der A13
E Mëttwoch den Owend géint 21.45 Auer ass an der Sortie Suessem en Automobilist mat sengem Gefier an d'kalifornesch Mauer gerannt.
Wéi de CGDIS matdeelt, gouf eng Persoun beim Accident verwonnt. D’Pompjeeë vun Esch a vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.