Accident zu MonnerechEe Blesséierte bei Auto géint Bam

RTL Lëtzebuerg
An der Rue d'Esch koum et e Mëttwoch den Owend zu engem schroen Accident, bei där eng Persoun an hirem Auto ageklemmt gouf.
© Air Rescue (Archiv)

Den Accident war um 18.43 Auer zu Monnerech an der Rue d'Esch op der Héicht vum Haus Nummer 127, esou d'Police, déi geroden hat, dee Beräich ze evitéieren. Eng Persoun war am Auto ageklemmt ginn, nodeems se mam Auto an e Bam gerannt war.

Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng, de SAMU aus der Stad, de Rettungshelikopter, grad ewéi d'Asazzentere vun Esch a Monnerech.

Um 19.40 Auer gouf et en Accident tëscht Uespelt an Altwis. 1 Persoun gouf liicht blesséiert.

Um 19.43 Auer sinn zu Miersch am Rondpoint Tinnesbruch zwee Autoen net laanschtenee komm. 2 Persoune goufen hei liicht blesséiert. D'Ambulanze vu Lëntgen an der Fiels goufen op d'Plaz geruff, grad ewéi d'Pompjeeë vu Miersch.

Um 19.47 Auer dunn ass e Bus mat engem Auto kollidéiert, dat zu Esch um Boulevard Prince Henri. 1 Persoun gouf liicht blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO