Alkohol am SpillEe Permis fort zu Wellesteen, een aneren zu Wuelessen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Méindeg de Moie mellt, hu si op 2 Plazen am Land Chaufferen de Permis missen ofhuelen. A béide Fäll wéinst Alkohol.
© RTL Archivbild

Géint 20.10 Auer huet eng Patrull um CR151 zu Wellesteen e Chauffer kontrolléiert. De Mann war de Beamten opgefall, well e mam Auto op der Säit stoe bliwwen ass a kierperlech e puer Problem hat. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn an et de Mann krut e Protokoll.

Géint 21.30 Auer gouf zu Wuelessen an der Veianerstrooss e beschiedegten Auto gemellt, deen an Direktioun Veianen ënnerwee wier. Kuerz drop gouf nach gemellt, dass en Automobilist en Zonk an duerno e Stroosseschëld ze pake kritt hat. Eng Sichaktioun gouf lancéiert an d'Fuererin konnt am Laf vum Owend och ermëttelt ginn. Den Alkoholtest war positiv, de Permis fort an et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO