
Zanter 2017 gouf et fënnef Fäll, an deenen d’Präsens vum Wollef zu Lëtzebuerg nogewise konnt ginn. Dee rezentste war den 23. Januar bei Tratten am héijen Norde vum Grand-Duché. D’Sarah Albrecht war mat hiren Hënn spadséieren an huet ee Wollef duerch déi verschneite Felder lafe gesinn. Nodeems si dat der Naturverwaltung gemellt hat, goufen Analyse gemaach, déi beluecht hunn, datt et sech beim Déier effektiv ëm ee Wollef gehandelt huet. Wa si un dat Treffen zeréckdenkt, huet d’Fra, anescht wéi ee vläicht menge kéint, nëmme positiv Erënnerungen.
D’Plaz vum Incident ass an der Géigend vun Tratten an der Gemeng Wëntger. Dat klengt Duerf mat senge ronn 200 Awunner ass net grad den Nuebel vun der Welt, mee éischter eng Plaz, wou sech Fuuss an Hues gutt Nuecht soen. Ma zanter enger Zäit schwätzt och de Wollef ee Wiertche mat. D’Sarah Albrecht war mat hiren dräi Hënn, dorënner den Zaroc een Tour trëppelen, wéi si d’Deier ob eemol an Uecht geholl huet.
Sarah Albrecht: “Wéi mir e gesinn hunn, hien huet eis net gesinn, hunn ech méi haart geschwat, fir datt hien eis soll gesinn. Do ass e stoe bliwwen, dunn huet en eis eng Sekonn gekuckt an dunn ass e fort gelaf. En ass dorobber an de Bësch gelaf an du war e fort. D’Situatioun u sech war ganz séier eriwwer. Mir komme reegelméisseg hei hinner trëppelen, mir hu keng Angscht, mir haten dee Moment och keng Angscht. Mir waren éischter wierklech faszinéiert, datt mer d’Chance haten dat ze gesinn an et war eigentlech ganz schéin dat ze gesinn.”
Zanter véier Méint an der Groussregioun ënnerwee
Chance wier gewiescht, datt hir Hënn de Wollef net bemierkt hunn, och wann et wuel grad fir den Zaroc schwéier gewiescht wier, fir hannendrun ze kommen. Nodeems si den Incident bei der Naturverwaltung gemellt hat, si Beamten op d’Plaz gefuer an hunn do ee Putsch Hoer an engem pickegen Drot fonnt. D’Analyse an Däitschland huet erginn, datt et sech ëm ee Wollef handelt, deen an Niedersachsen schonn eng Kéier fotograféiert gouf. Et handelt sech ëm ee männlecht Exemplaire, dat wuel zanter ongeféier véier Méint an der Belsch-Lëtzebuerger Grenzregioun ënnerwee ass. Fir de Lëtzebuerger Ökosystem kéint de Wollef ënnert verschiddene Konditiounen duerchaus Virdeeler hunn.
Laurent Schley: “Natierlech réischt wa wierklech eng fest Presenz do ass, een eenzele Wollef, fir dee Lëtzebuerg just een Tëschestopp ass, deen huet wéineg Influenz op Réi oder Wëllschwäin. Mee wann een eng Kéier eng fest Installatioun huet, ee Ruddel zum Beispill, deen hätt da schonn een Afloss a sengem Revéier op Réi a Wëllschwäin, där mer jo wierklech massiv ze vill hunn. Sou kéint de Wollef dem Jeeër hëllefen fir déi Regulatioun e bëssi ze maachen.”
Hëllefe fir betraffe Baueren
Et gouf bis elo dräi nogewise Fäll zu Lëtzebuerg, wou ee Wollef Notzdéiere gerass huet. Dat an de Joren 2018, 2018 an 2020. Bei den Déieren huet et sech all Kéiers ëm Schof gehandelt. Fir déi betraffe Bauere gëtt et esouwuel finanziell Entschiedegunge wéi och Subside fir preventiv Mesuren. Eng speziell Sensibiliséierungscampagne an der Gemeng Wëntger ass aktuell net geplangt, et hätt ee mat der Gemeng geschwat an déi hätt keen direkte Besoin gesinn, well et an de leschte ronn annerhallef Joer schonn zwee Infoowenter gouf. Als Naturverwaltung stéing een awer weider zur Verfügung wann déi Gemengeresponsabel hir Meenung ännere géifen.
Fir de Mënsch ass de Wollef an der Reegel ongeféierlech, dowéinst kënnen d’Sarah Albrecht an hir Kolleegen op véier Patten och ouni Angscht an der Natur ënnerwee sinn, wa weider Wëllef de Wee op Lëtzebuerg fannen.