CGDISEen Accident an een Auto a Flamen um Dënschdegowend

RTL Lëtzebuerg
An der Stad sinn en Dënschdeg op der Diddenuewener Strooss um 19 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Zwou Persoune goufe blesséiert.

D'Ambulanzen aus der Stad a vu Beetebuerg waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter aus der Stad.

Zu Sandweiler stoung ëm déi selwecht Zäit een Auto an der Lëtzebuerger Strooss a Flamen. Hei blouf et beim Materialschued. D'Pompjeeë vu Sandweiler hu geläscht.

E Mëttwoch de Moie géint 7.40 Auer gouf et en Accident mat 3 Autoen op der A3 tëscht Diddeleng an dem Beetebuerger Kräiz. 1 Persoun gouf heibäi liicht blesséiert. D'Ambulanz an den Asazzenter vun Diddeleng waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter Beetebuerg.

Back to Top
CIM LOGO