
Tëscht Schëndels a Miersch gouf en Dënschdeg am fréien Owend e Cyclist vun engem Auto ugestouss a blesséiert.
E bësse méi spéit ass zu Hënsdref en Auto bäigaangen. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Kee Blesséierte gouf et bei engem Kichebrand zu Wäiswampech géint 21.30 Auer.