
Fir dëse Samschdeg gi jo weider Rekordtemperature gemellt, an do riskéiert den Undrang an den oppene Schwämmen natierlech grouss ze sinn. Fir dass et net zu Chaos kënnt, huet d'Gemeng Diddeleng elo reagéiert an exzeptionell Ouvertureszäiten decidéiert. Sou soll evitéiert ginn, dass zu deene wäermste Stonne mëttes den Undrang ze grouss ass.
Déi nei Ëffnungszäite fir d'oppe Schwämm zu Diddeleng fir de 27. Juni 2026 sinn:
• 8:00 – 12:30 Auer (Sortie aus dem Baseng um 12:00 Auer)
• 17:30 – 22:00 Auer (Sortie aus dem Baseng um 21:30 Auer)
Normalerweis ass ëmmer tëscht 10 an 20 Auer op, wat dann dëse Samschdeg net de Fall ass. Wéi mer op Nofro bestätegt kruten, mussen deemno d'Leit, déi moies an d'Schwämm ginn, spéitstens um 12:30 Auer d'Schwämm verloossen an d'Schwämm gëtt zougemaach. Um 17:30 Auer geet se dann nees op.
Sollten och nach aner Schwämmen uechter d'Land hir Ouvertureszäiten ugepasst hunn, dann deelt eis dat gäre mat, via Mail op news[at]rtl.lu.