Budget 2022"Eise Wee aus der Kris"

RTL Lëtzebuerg
De Finanzminister Pierre Gramegna huet e Mëttwoch de Moien de Budget fir d'Joer 2022 presentéiert.
Budget 2022: "Eise Wee aus der Kris"
De Finanzminister Pierre Gramegna huet e Mëttwoch de Moien de Budget fir d'Joer 2022 presentéiert.

Interview Pierre Gramegna

Am RTL-Interview huet de Pierre Gramegna  nach eng Kéier betount, dass en ze séieren Ofbau vum Defizit an domat och d'Staatsschold kontraproduktiv wieren. Dat géif de Motor vum Wuesstem bremsen. Op d'mannst vun engem qualitative Wuesstem géif een dann och weider ofhängeg bleiwen, huet de Minister zouginn.A Punkto Grondsteier huet de Finanzminister nach erkläert, dass den Ament Simulatioune géife gemaach an déi eenzel Tauxen ausgerechent géife ginn. Deemno kéint hien elo nach keng genau Zuelen nennen. Ma de Gesetzesprojet soll jo an den nächsten 12 Méint an der Chamber deposéiert ginn.

Resumé Interview Pierre Gramegna / Rep. Pit Everling

Pierre Gramegna am RTL-Interview
No der Presentatioun vum Budget 2022 war de Finanzminister um Plateau am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

RTL-Artikel: Reaktiounen op de Budget 2022: Oppositioun, Gewerkschaften an UEL vermësse konkret Weeër a wichtegen Dossieren

"Eise Wee aus der Kris"

D’Normaliséierung no der Covid-Kris gesäit een och an de Budgetszuelen, mat deene Wierder huet de Mëttwoch de Moien de Finanzminister Pierre Gramegna de Budgetsprojet fir 2022 an der Chamber deposéiert.

Lëtzebuerg erfëllt d'nächst Joer schon d'europäesch Budgetsziler, sou de Finanzminister Pierre Gramegna. De Budgetsprojet ass iwwertitelt "Eise Wee aus der Kris". Gleeft een dem Finanzminister, sinn d'Weichen dofir elo scho ganz gutt gestallt. Dat engersäits, well d'Regierung dem Pierre Gramegna no déi lescht Jore gutt gewirtschaft huet a mir eis déi ganz Mesuren, déi eis an an elo och aus der Kris erausgehollef hunn, leeschte konnten.

Rieds goung do zum Beispill vum Large Scale Testing, deen 126 Milliounen Euro kascht huet, de Chômage partiel, fir dee 791 Milliounen Euro investéiert goufen oder och de Congé pour raisons familiales.

De Pierre Gramegna (1)

Fir d'nächst Joer huet de Minister dann nach eng 71 Millioune virgesinn, fir weider Anti-Kris-Mesuren ze finanzéieren. A wie bis ewell nach no engem Grond gesicht huet, sech impfen ze loossen, kritt da vläicht hei ee vum Pierre Gramegna geliwwert.

De Pierre Gramegna (2)

3,2 Milliarden Euro un Investissementer si fir d’nächst Joer virgesinn, wat 4,5% vum nationale PIB ausmécht. Eleng fir d’Klimakris ass eng Enveloppe vu 765 Millioune virgesinn.

Da wëll een de Klimawandel bekämpfen, dat mat héijen Investissementer am Beräich Klima, Energie a Mobilitéit. Ee Beispill hei erausgepickt: An d'Schinnennetz wëll ee bis 2025 2,5 Milliarden Euro investéieren.

An et wëll een de Logementsproblem am Grand-Duché weider ugoen. Eleng fir d'nächst Joer kritt de Logementsministère e Budget vun 260 Milliounen Euro.

Duerch den héijen Niveau un Investissementer mécht de Budget d’nächst Joer e Minus an zwar vun 1,2 Milliarde beim Zentralstaat, bei 23,5 Milliarden un Depensen an 22,3 Milliarden u Recetten.

Den Defizit am Zentralstaat kéint ee sech leeschten. Engersäits wier d‘Staatsschold am europäesche Verglach extrem kleng bliwwen a well ee vun alle Rating-Agencen den AAA confirméiert kritt hätt, wat et erlabe géif, sech mat negativen Zënssätz ze refinanzéieren an drëttens géif de Wirtschaftsmotor nees dréinen.

De Pierre Gramegna (3)

Wann een de Gesamt-Staat géif kucken, also a Consideratioun mat de Gemengen an der Securité sociale, géif een 2022 ganz no um Equiliber leien.

De Pierre Gramegna huet fir Versteesdemech gefrot, dass een duerch de Minus keng Steiererliichterunge fir den Ament kéint decidéieren.

D’Digitalisatioun wäert awer virugedriwwe ginn an esou sinn 235 Milliounen fir 2022 an deem Beräich virgesinn.

Abordabele Wunnraum schafen ass mat 228 Milliounen eleng d’nächst Joer chiffréiert – e Plus vu 77% par Rapport zum Budgetsgesetz vun dësem Joer.

Ob d'Staatsschold, déi wéinst der Kris weider klamme wäert op 25,8% vum PIB dëst Joer, soll een net ze vill Wäert leeën, esou de Pierre Gramegna. Spuerpolitik wier en Holzwee. De Finanzminister huet betount, datt d'Staatsschold ënnert den 30% vum PIB wäert bleiwen an déi héich Investissementer just zu 30% mat frieme Kapital géinge finanzéiert ginn.

PDF: Factsheet

Back to Top
CIM LOGO