
Et ginn extrem vill Problemer mam System vun den neien elektresche Vëloen an der Stad. D'Situatioun kéint een net méi acceptéieren, dat seet de Mobilitéitsschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, Patrick Goldschmidt, op Nofro. JCDecaux, déi de Kontroll an den Entretien vum Vëlosservice assuréiere sollen, wéisste Bescheed, mee bis ewell ass een nach näischt vun hirer Säit gewuer ginn.
Problemer mat de Bornen, déi net erkennen, datt e Vëlo zréckbruecht gouf respektiv an der Statioun steet an opgelueden ass, d'elektresch Hëllef déi bemol wärend dem Fueren de Geescht opgëtt, Statiounen uechtert d'Stad, déi Stonnen oder souguer Deeg laang eidel stinn. D''Panoplie u Reklamatiounen ass relativ breet gefächert a weist, datt et net just eenzel Problemer sinn. De Patrick Goldschmidt gëtt zou, datt de Produit deen d'Stad Lëtzebuerg do zur Verfügung stellt net à Point ze si schéngt.
De Patrick Goldschmidt: Mir si vläicht déi 1. op der Welt, mee ech wier léiwer net déi éischt op der Welt an de Produit géing funktionéieren. Et huet vill mat de Batterien an den elektronesche Komponenten ze dinn, wéi déi verschidde Programmer a Softwarë matenee kommunizéieren. An dat schénge se net an de Grëff ze kréien.
D'Stad Lëtzebuerg bezilt de Service zu 90%, dat si ronn 15 Milliounen op 10 Joer.
De Patrick Goldschmidt: Mir bezuelen u sech fir eng Prestatioun, déi mir als Gemeng bestallt hunn. Et ass also an eisem Interêt a mir hätte gär, datt et funktionéiert. Mee si si responsabel dofir, datt et funktionéiert, fir de Vëlo an de ganze System responsabel.
Fest steet awer fir de Patrick Goldschmidt, datt et esou net weider goe kann. D'Stad Lëtzebuerg verlaangt, datt de Prestataire hinnen erkläre kënnt wéi a wéi séier d'Problemer geléist kënne ginn. Dat de Kontrakt mat JCDecaux méiglecherweis gekënnegt muss ginn, souwäit wollt de Mobilitéitsschäffen dann awer net goen.
De Patrick Goldschmidt: Eis Juriste sinn um Dossier drop. Dir kënnt mer also gleewen, datt dat elo net eppes ass wou mer eis telefonéieren a soen: "Mir hunn e klénge Problem, kënnt der emol laanscht kommen". Dat geet scho säi Wee a weder ech, nach de ganze Schäfferot oder de Service sinn zefridde wéi et ass. Esou kann et net weider goen a selbstverständlech hale mer eis all Dieren op, fir ze kucken, wat dat do bedeit a wat dat fir d'Relatioun mat JCDecaux bedeit.
Ronn 9.000 Leit hunn iwwregens e Vel'OH-Abonnement zu Lëtzebuerg. Iwwer 800 elektresch Vëloe sinn de Moment a Betrib, bis Ouschtere sollten et der eigentlech ronn 1.000 sinn - à voir ob d'Problemer bis dohi geléist sinn.