CSV-Nationalkongress zu EttelbréckElisabeth Margue a Stéphanie Weydert goufe mat grousser Majoritéit gewielt

Anne Wolff
Jeannot Ries
D'Elisabeth Margue ass um CSV-Nationalkongress zur neier Co-Parteipresidentin gewielt ginn an d'Stéphanie Weydert ass nei Co-Generalsekretärin.
Nationalkongress vun der CSV
D’Oppositiounspartei hat op Ettelbréck invitéiert, wou ënnert dem Slogan “Verantwortung, Engagement a Glafwierdegkeet” “déi nei CSV” presentéiert gouf.

A senger Begréissungsried huet de Parteipresident Claude Wiseler dat lescht Joer Revue passéiere gelooss a betount, et hätt ee Verschiddenes besser maache kënnen. An deem Kontext war och d’Frëndeskrees-Affär Thema, déi hätt hier Spueren an der Partei hannerlooss. De Georges Pierret, deen deemools mat ugeklot war, huet sech nach eemol zum Prozess geäussert a gesot, “d’Wäsch” misst en vue vun de Walen an Zukunft parteiintern gemaach ginn, well “dat Ganzt huet wéi gedoen”.

Ma net just fir hie war déi Affär um Kongress Thema. Nodeems d‘Partei sech d‘lescht Joer intern net ëmmer ganz eens war, huet ee sech um Nationalkongress als Zitat “déi nei CSV” ënnert dem Slogan “Verantwortung, Engagement a Glafwierdegkeet” presentéiert. Dat mat enger neier duebeler Parteispëtzt, d‘Elisabeth Margue iwwerhëllt zesumme mam Claude Wiseler d‘Présidence: “Mir mussen eis kloer op e puer Themefelder festleeën, ouni dass ma awer zu aneren Themen näischt ze soen hunn”.

Vill Kritik gouf et e Samschdeg de Moien um CSV-Kongress un der Aussepolitik vun der aktueller Regierung, dat bezunn op d’Telefonater vum Premier mam Wladimir Putin an dem Ausseminister Jean Asselborn iwwert déi physesch Eliminatioun vum Putin. “An den normalen Zäite wär dat just peinlech, an dësen Zäiten ass et dramatesch fir eist Land” esou de Co-President Claude Wiseler.

Seng Parteikolleegin Martine Hansen huet sech iwwerdeems den DP-Ressort Educatioun virgeholl. Et wier ee géint esou vill Europaschoulen zu Lëtzebuerg, ma et misst een d’ëffentlech Schoule stäerken, ma Dialogbereetschaft wier eng Kompetenz, déi den Educatiounsminister Claude Meisch net hätt, esou d’Martine Hansen. De Co-Fraktiounspresident Gilles Roth huet iwwerdeems betount, et géing een d’Tripartite begréissen, ma d’Mëttelschicht misst wéinst der Präisdeierecht steierlech entlaascht ginn. D’CSV fuerdert dofir eng Inflatiounsberéngegung vum Steierbarème. Onzefridde weist ee sech och mat der Logements- a Gesondheetspolitik vun der aktueller Regierung.

Als nei Co-Generalsekretärin hat sech d’Stéphanie Weydert opgesat, als Co-Parteipresidentin hat d’Elisabeth Margue kandidéiert. An hirer Ried huet Si betount, et misst ee sech nees op d’Politik konzentréieren an et bräicht een eng kloer Linn an der Partei. Weider Theme waren d‘Impfflicht, d‘Logementskris an de Klimaschutz, deen awer net op d’Käschte vun der Wirtschaft dierft goen, esou d’Elisabeth Margue. D’Elisabeth Margue ass um CSV-Nationalkongress zu Ettelbréck mat 185 vun 214 Stëmmen zur neier Co-Parteipresidentin gewielt ginn. Mat engem Score vun 194/213 gëtt d’Stéphanie Weydert déi nei Generalsekretärin.

De Generalsekretär Christophe Hansen huet d’Grouss Linne vum Parteiprogramm ugeschwat: D’CSV fuerdert weiderhin eng Impfflicht. Am Beräich Energieversuergung fuerdert d’Partei d’Onofhängegkeet vum russesche Gas an d’Klimaneutralitéit envisagéiert ee fir 2050. Den 11. Juni ass fir d’CSV den offizielle Startschoss an dat sougenannte Superwaljoer 2023.

D‘Zil fir déi nächst Wale war um Kongress de Schrack zeréck an d‘Regierung.

CSV-Kongress / Reportage Anne Wolff

Back to Top
CIM LOGO