Wënschen an der SilvesternuechtËmmer manner SMSen an MMSen, dofir klëmmt awer de mobillen Datevolume

RTL Lëtzebuerg
An der Silvesternuecht der Famill an de Frënn iwwer SMS wënschen, gëtt op d'mannst bei de Cliente vun der Post a vun Tango ëmmer manner beléift.

Dëst Joer si knapp 1,3 Milliounen SMSe bei der Post erausgaangen. Dat ass eng Baisse vun 13 Prozent am Verglach mam leschte Joer.

Et goufen 39.000 MMSe geschéckt, dat ass e Minus vun 8.500 Stéck. Par konter geet d'Benotze vum mobillen Datevolume weider an d'Luucht, dat ëm 24 Prozent am Verglach mat zejoert.

Änleche Constat bei Tango: An der Silvesternuecht ass den Datentransfer ëm 8 Prozent eropgaangen am Verglach zum Virjoer. Dat wier virun allem op de Roaming zeréckzeféieren, well den Trafic aus dem Ausland hätt 24% ausgemaach, 2018 waren et just 16%.

Dogéint goufe 7% manner SMSe verschéckt tëscht Hallefnuecht an 1 Auer moies vum neie Joer. Zanter 2014 géif et déi Tendenz ginn, ma se wier am Gaangen, sech ze stabiliséieren.

Et goufen dann och 8% manner Appelle gezielt.

Fir ze wënsche gouf dann och am meeschten op de mobillen Internet zeréckgegraff: WhatsApp, Facebook, Snapchat an ëmmer méi dacks och op Videomessagen.

Back to Top
CIM LOGO