
Viru véier Joer gouf de Service vun der “Mediation scolaire” an d’Liewe geruff. Vun der Benderstrooss an der Stad aus probéieren d’Lis de Pina an hir Ekipp tëscht Elteren a Schoul ze vermëttelen.
D’Mediatioun géif och ëmmer méi bekannt ginn, seet d’Mediateur Lis de Pina woubäi et nach ëmmer eng ganz Rei Elteren an Acteure gëtt, déi nach ëmmer net wéissten, datt de Schoulmediateur existéiert. Ënnert dem Stréch géif d’Zuel vun den Dossiere wéi gesot awer no uewe weisen.
“Professioneller, déi froen ëmmer méi eis Hëllef. A mir hunn awer och e grousse Volet vun - wat mir nennen - inoffiziellen Dossieren. An déi ruffen eis dann un, fir einfach mol Informatiounen ze kréien.”
Dat kënnen zum Beispill Problemer bei der Scolarisatioun vun engem Kand mat spezifesche Besoine sinn, respektiv e Jonken, dee vun der Schoul flitt a keng Plaz an engem anere Lycée kritt, fir nëmmen déi zwee konkret Fäll ze nennen. Et géif een och ëmmer méi mat Fäll vu Gewalt a Schoulphobië konfrontéiert ginn, heescht et vun de Responsabelen. Generell setzt d’Mediation scolaire do un, wou déi aner Instanzen net méi weider kommen. Éischter dierf d’Lis de Pina, dem Gesetz no, och guer net intervenéieren. Dat géif d’Sich no enger Léisung awer net ëmmer méi einfach maachen.

“Mir versti wann ee seet, fir d’éischt muss een um Terrain eng Léisung fannen an de Problem ze léisen a wann net, da sollen d’Leit bei eis kommen. Och fir eis mécht dat Sënn well et ass och wichteg fir ze wëssen, wou waren se, firwat geet et net? Da brauche mir net nach nach eng zweete Kéier dohinner tocken ze goen. Mä et ass awer och esou, datt mer immens emotional ënnerwee sinn. A wann d’Elteren da bis endlech bei eis ukommen, dann hu se mat sou vill Acteure geschwat a mir hu just nach Emotiounen”
An zanter de leschten zwee Joer wiere ganz vill Leit souwisou op ganz dënnem Äis. Eng vun de Viraussetzungen, datt d’Mediatioun e Succès gëtt, ass d’Kooperatiounsbereetschaft vum Jonken, ëm deen et geet. Wann da bis de Mediateur bis an enger Schoul urifft, da géif et dacks méi séier goen.
“Mir hu mat ganz ville Schoulen e ganz gudde Kontakt. Mir presentéieren en Dossier mat enger Geschicht vun deem Schüler mat senge Schwieregkeeten, mat senge Points forts well d’Elteren eis dat jo hei erzielt hunn a mir konnten dat jo och an den Dokumenter kucken. An et ass och dat wat mir duerno de Lycéeë presentéieren. A da meeschtens hu mer awer Succès datt se soen, mir probéieren dann elo.”
D’Mediation scolaire ënnersteet direkt dem Educatiounsministère. Duerch déi raimlech Trennung vun de Servicer wéilt een och no bausse weisen, datt ee komplett onofhängeg schafft. Dat och fir de Schüler an den Eltere méi Vertrauen an de Service ze ginn.
D’Mediation scolaire ass am fréieren Adem-Gebai an der Benderstrooss op der Gare. Den éischte Kontakt bei Reklamatiounen a Problemer ass schrëftlech via contact@mediationscolaire.lu.