D’Zuel un Allergiker, besonnesch an den industrialiséierte Länner, huet iwwert déi lescht Joerzéngten dramatesch zougeholl.
Et gëtt geschat, datt méi wéi 20% vun der europäescher Bevëlkerung un Allergië leiden, déi d’Otemweeër ugräifen, dorënner aktuell iwwer 15% un enger Pollenallergie, Tendenz no uewen. Fuerscher a Medezinner ginn dovun aus, datt bis 2050 ronn 50% vun der Populatioun eng Allergie-Erkrankung wäerten hunn.
Dat hätt virun allem mat Ëmweltfacteuren an och dem Klimawandel ze dinn. Duerch d’Äerderwiermung kéim et zu verlängerte Fluchzäite vun de Pollen. Deemno wiere betraffe Persounen ëmmer méi dacks a méi laang mat de Symptomer, déi en Heeschnapp ausléist, geplot.
Zu deene Symptomer gehéieren ënner anerem Aen, déi picken, d’Nues, déi leeft, den Hals, dee kraazt a permanent Néitschen. Alles dat provozéiert awer och eng gewësse Middegkeet bei de concernéierte Patienten, déi sech doduerch och manner gutt kënne konzentréieren. Verschidde Leit leide souguer ënner Asthma, deen duerch d’Pollenallergie ausgeléist ka ginn.
Et gi verschidde Méiglechkeeten, eppes dogéint ze ënnerhuelen. Zum Beispill kann ee mat einfache Mëttele versichen, d’Polle vu sech ewechzehalen. Sief et andeems een dobaussen eng Mask undeet, d’Fënstere beim Autofueren zouléisst, just owes spéit oder ganz fréi moies d’Haus lëft a sech owes d’Hoer wäscht.
Natierlech ginn et och Medikamenter, fir d’Symptomer ze bekämpfen. Oder awer et entscheet ee sech fir eng De-Sensibilisatioun, bei där een de Kierper léiert, d’Allergeenen ze toleréieren. Esou en Traitement funktionéiert änlech ewéi eng Impfung. Et dauert allerdéngs e puer Joer, bis de Kierper dann net méi allergesch reagéiert. Um Gebitt vun der Allergie-Preventioun gëtt och vill gefuerscht.